6670: Staatsrot prinzipiell d'accord mat Reform vu Studie-Bäihëllefen
De Staatsrot ass prinzipiell mat der Reform vun de Studie-Bäihëllefen averstan. Dës Reform misst sech allerdéngs an e méi breede Kontext aschreiwe vun enger Revisioun vun de Famille-Prestatiounen, dat fir d’Kohärenz vun der Sozialpolitik ze garantéieren, heescht et an engem Avis. De Staatsrot fuerdert eng Rei juristesch Ännerungen um Text, ouni déi ee keng Dispens fir den zweete Vote an der Chamber géif accordéieren.
De Staatsrot ass iwwerdeems der Meenung, datt Studenten op der Uni Lëtzebuerg ageschränkt si géigeniwwer Studenten am Ausland, well d’Gesetz et hinne just erlaabt duerchschnëttlech 10 Stonnen d’Woch ze schaffen.