500 Millioune fir d'Landwirtschaft

D’EU-Kommissioun huet um Conseil vun den Agrarministeren en Hëllefspak virgeschloen. D’Liquiditéit vun de Betriber soll verbessert- an nei Exportmäert an Ugrëff geholl ginn. Allerdéngs bleiwe Froen ze klären.

Fernand Etgen am 100,7-Interview

De lëtzebuerger Agrarminister Fernand Etgen seet am 100,7-Interview, de Pak vu 500 Millioune wär vun de Ministere positiv opgeholl ginn. D'Komissioun misst awer nach eng Rëtsch Froe klären. Nom Conseil gouf een net vill Konkretes gewuer. Den DP-Politiker zielt folgend Propose vun der Komissioun op, déi där aktueller Kris sollen entgéintwierken.


  • Eng Erhéijung vun der Avance op den Direktzuele vu 70% fir der Liquiditéit an de Betriber nozekommen.

  • En neie Programm fir privat Lagerhaltung bi de Mëllechprodukter a beim Schwéngefleesch.

  • Fërderung vu Promotiounsmoossname bannent a baussent der EU fir nei Exportmäert z’erschléissen

  • D’Verstäerkung vun der Roll vum europäesche Marché de l’observatoire  du lait a Schafung vun engem Observatoire fir de Schwénge-Secteur

  • Den Asaz vun engem High Level Group fir d’Verbesserung vun der Liewensmëttelketten

  • D’Zeréckgräifen op Finanzmëttel vum Juncker-Investitiounsplang

  • Eegen Enveloppë fir d’Länner, iwwer déi individuell kann décidéiert ginn

t ass awer net gewosst, wéivill d’Lëtzebuerger Bauere solle kréien. Et géif nach keng Informatiounen iwwer de Verdeelungsschlëssel. Länner, déi am stäerkste vum Russland-Embargo betraff wären, solle méi ënnerstëtzt ginn.

Déi 500 Millioune sinn dem Fernand Etgen senger Meenung e kloert Bekenntnis vun der Politik fir de landwirtschaftleche Secteur z’ënnerstëtzen an e Statement dofir, dass d’Landwirtschaft ee wichtege Secteur vun der Economie wär. De Pak géif virun allem eng kloer Verbesserung vun de Strukture mat sech bréngen.

De Konsument profitéiert vun der Hëllef

Déi 43 Milliarden Direkthëllef a 13 Milliarden iwwer d’landwirtschaftlech Fërderung, vun där d'Landwirtschaft am Joer 2015 scho profitéiert, kéimen dem Konsument zegutt. Nëmmen doduerch wäre fair Präisser méiglech. Ouni Hëllefen kéint d’Landwirtschaft net funktionéieren, sou de Fernand Etgen.

Déi aktuell Situatioun géif den zousätzleche Pak vu 500 Milliounen rechtfertegen: "Aussergewéinlech Situatiounen erfuederen aussergewéinlech Moossnamen". Ee Problem gesäit de lëtzebuerger Landwirtschaftsminister beim Konsumverhalen: Wann de Konsument d’Landwirtschaft wéilt nohalteg ënnerstëtzen, misst e regional Qualitéits-Produite kafen.

Breet Akzeptanz fir den Hëllefspak

“Mir als lëtzebuerger Presidence sinn déi Reunioun an aller Objektivitéit, an aller Neutralitéit ugaangen. Et war eis wichteg, datt mir eng gewëss Solidaritéit zwëschent de Memberstaaten haten an dass et eng Solidaritéit zwëschent deenen eenzelne Produktiouns-Sparten gouf”.  Duerch dës Solidaritéit wär den Hëllefspak op eng breet Akzeptanz gefall, obwuel verschidde Mesuren, déi vun enger Rei Memberstate gefrot waren, net vun der Komissioun virgesi goufen. Wéi zum Beispill déi zäitweileg Erhéijung vum Interventiounspräis vun der Mëllech.

D’Diskussioune wären nach net ofgeschloss, sou de Fernand Etgen am Interview. Am Oktober soll am Conseil weider iwwer d’Entwécklung vun de landwirtschaftleche Mäert diskutéiert ginn.

[caption id="attachment_9293" align="aligncenter" width="604"]Faarweg Kéi zu Bréissel Verschidde Bauere fuerdere manner Mëllech-Produktioun[/caption]

Vill Baueren hunn zu Bréissel kloergemaach, dass si keng Suen wéilten. Si hu gefuerdert, dass manner Mëllech soll produzéiert ginn. De Minister huet d’Mesure fir den Export unzekierpe gerechtfäerdegt: “Wa mir d’Entwécklungspotential, wat sech duerch den Export ergëtt net notzen, da wäerten aner mëllechproduzéierend Länner et notzen.”

Zukunft vun der Landwirtschaft an Europa

Europa huet dem Fernand Etgen senger Meenung no gutt Viraussetzunge fir d’Landwirtschaft: Et wär e Grénglandstanduert mat groussem Know-How an deenen néidegen Infrastrukture fir d'Weiderveraarbechtung. An der Vergaangenheet wären déi richteg Investissementer gemaach ginn. Dës Chancë géif et elo gëllen ze notzen.

D’Zukunft vun der Europäescher Landwirtschaft gesäit de Minister a qualitativ héichwäertege Produkter, an net an der bëlleger Masseproduktioun. D’Zuele vum Service de l’économie rurale géife weisen, dass grad déi kleng Familljebetriber déi bescht Resultater hätten. Am Agrargesetz solle Betriber vun 1-4 Aarbechtskräften geziilt ënnerstëtzt ginn.

[caption id="attachment_9294" align="aligncenter" width="604"] Virun der Komissioun hunn d'Bauere manifestéiert[/caption]

D’Roserei, déi d’Baueren zu Bréissel zum Ausdrock bruecht hunn, kann de Fernand Etgen net ganz verstoen. Zanter 10 Joer wär gewosst, dass d’Mëllechquote sollen ofgeschaaft géifen. D’Baueren hätte genuch Zäit gehat, fir sech ze preparéieren. D’Quote wären net Schold un där aktueller Kris.

De Minister gesäit aner Ursaachen:


  • Den Embargo vu Russland op Landwirtschaftleche Produiten aus der EU

  • Manner Demande no Mëllech-Produkter aus Asien

  • Eng Hausse vun der Produktioun an Europa, Neiséiland, Australien, USA wéinst gudde Wiederkonditiounen

  • Gläichzäiteg eng grouss Dréchent an Zentraleuropa

  • Déi afrikanesch Schwéngspecht an de Baltesche Staaten
Nische-Produiten a Bio-Landwirtschaft

De Fernand Etgen gesäit Nische-Produiten als méiglech Léisung. Zum Beispill géife verschidde Betriber den Ubau vun Uebst a Geméis notzen. Iwwer 90% vun dëse Produite géife momentan aus iwwer 100 verschiddene Länenr importéiert ginn. D'Bio-Landwirtschaft hätt Potenzialer, déi net staark genuch genotzt ginn. Dofir solle Bio-Baueren am neien Agrargesetz méi ënnerstëtzt ginn.

De lëtzebuerger Minister deelt dem Agrarkommissire Phil Hogan seng Meenung net, dass Betriber, déi net konkurrenzfäheg sinn, missten zoumaachen. Mir musse kucken, datt mir e Maximum vu Betriber an der Landwirtschaft behalen. Soss si mir séier bei zevill enger intensiver Landwirtschaft.”

De Bauer wär haut méi wéi jee e fräien Entrepreneur, dee misst léiere mat der Volatilitéit vun de Präisser ëmzegoen. De lëtzebuerger Landwirtschaftsminister ass awer zouversiichtlech, dass eng ganz Rei Betriber et wäerte packen.

Audio: Invité vum Dag vum 8. September 2015. De Christian Welter am Gespréich mam Fernand Etgen

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen