Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 41 Kierchefabricke kloen de Staat un

Gesetz iwwer de Kierchefong

41 Kierchefabricke kloen de Staat un

Nom Akraafttrieden vum Gesetz iwwer d'Schafe vum Kierchefong hunn 41 Kierchefabricken iwwer eng Assignatioun virum Zivilgeriicht wéinst Schuedensersaz geklot. Dee Schued gëtt vun de Kierchefabricken op ronn 40 Milliounen Euro geschat.

auto_stories

2 min

D'Assignatioun gouf un de Kultusminister Xavier Bettel, den Inneminister Dan Kersch an de Finanzminister Pierre Gramegna iwwermëttelt. D'Plainte riicht sech géint de Staat.

Gesetz hätt Kierchefabricken expropriéiert

D'Gesetz iwwer d'Schafe vum Kierchefong géif géint d'Verfassung a géint international Bestëmmunge vum Conseil de l'Europe verstoussen, seet den Affekot Jean-Marie Bauler, deen déi 41 Kierchefabricke vertrëtt. An där Assignatioun gëtt dem Staat ënner anerem Expropriatioun virgeworf, fir déi eng gerecht Indemniséierung misst festgeluecht ginn.

De Gesamtschued, deen déi 41 Kierchefabricken deklaréiert hunn, gouf op ronn 40 Milliounen Euro geschat. Dee Schued baséiert sech op d'Zommen, déi op de Bankkonte vun de Kierchefabricke stinn an op d'Immobilien.

Nei juristesch Prozedur géint de Staat

Déi 41 Kierchefabricken werfen dem Staat vir, Feeler gemaach ze hunn iwwer de Wee vum legislative Pouvoir. Méi genee geet et ëm eng "Action en responsabilité contre l'état du chef de la faute du pouvoir législatif". Dat wier eng aussergewéinlech Prozedur zu Lëtzebuerg, seet de Maître Jean-Marie Bauler. Am Allgemenge kéint de Staat verantwortlech gemaach ginn, wann en e Feeler gemaach huet, wéi zum Beispill bei engem Accident. Am Fall vum Gesetz iwwer d'Schafe vum Kierchefong hätt d'Parlament e Feeler gemaach. Aus deem Grond géif déi Plainte sech géint de Staat riichten, sou den Affekot.

Zu Lëtzebuerg gouf et nach keen esou ee Geriichtsuerteel, am Ausland ginn et schonn eng Rëtsch Jurisprudenzen. Den Affekot Jean-Marie Bauler ënnersträicht weider, datt de fréiere President vum Verwaltungsgeriicht an aktuelle Riichter um Mënscherechtsgeriicht, de Georges Ravarani, sech a senge Publikatioune och mat där Méiglechkeet befaasst hätt, vun enger Verantwortung vum Staat am Fall vu Feeler, déi duerch de legislative Pouvoir entstane sinn.