D'Apdikte wäerten Sonndes op de Garden keng Schnelltester am grousse Stil féieren, seet de President vum Aptikterverband Alain de Bourcy. D'Leit solle sech net op d'Apdikter verloossen déi dëse Sonndeg Garden hunn fir Schnelltester ze maachen, seet hien.
D'Apditker hätten net dat néidegt Personal dofir. De Sënn vun enger Garde fir et och fir an engem Noutfall fir e Client do ze sinn. Generell géif och d'Personal an den Apdikten zënter méi laangem un der Limitt schaffen.
Leit déi wéinst dem 3G-Regimm e Schnelltest brauchen, sollten dat bei den Privatlaboen maachen, esou dem Alain de Bourcy säi Rot.
Well de Samschdeg den 3G-Modell op der Aarbechtsplaz obligatoresch gëtt, erweideren d'Laboratoiren hir Testcapacitéiten. Bionext deelt mat, datt verschidden Testzentere vun dësem Weekend un och Sonndes op sinn, souwuel fir zertifizéiert Schnelltester wéi och fir PCR-Tester. Bei Laboratoires Réunis war et d'Informatioun datt si keng Sonndesplagen aféieren. Dofir gëtt et vun e Méindeg un eng nei Drive-in Statioun zu Käerjeng.