Zanter Mëtt November zejoert ginn am Kader vum Large-Scale-Testing Antikierpertester zu Lëtzebuerg gemaach. An zanter Mee sinn dat sougenannten DBS oder "Dry Blood Spot" Tester, bei deenen een e puer Drëpse Blutt aus dem Fanger geholl kritt.
Och d'DBS-Tester si gratis a ginn, grad wéi d'PCR-Tester, an den Drive-In-Teststatioune vum Large-Scale-Testing gemaach. Den Ament ginn eng 1.000 där DBS-Tester pro Woch gemaach. Am Summer wäert een op 4.000 bis 5.000 Tester d'Woch kënnen eropfueren, mengt den Dr. Thomas Dentzer vun der Santé.
Antikierpertester gi geziilt agesat
Anescht wéi d'PCR Corona Tester - fir déi een neierdéngs jo keng Invitatioun a kee Code méi brauch, mee fir déi ee sech selwer a sou dacks ewéi ee wëllt, um Internet umelle kann - sinn d'Antikierpertester am Large-Scale-Testing weiderhi just op Invitatioun.
D'Santé sicht d'Leit, déi fir en Antikierpertest invitéiert ginn op Basis vu geographesche Krittären eraus, fir datt Leit aus dem ganze Leit getest ginn: aus verschiddenen Altersgruppen, an ëmmer nëmmen eng Persoun aus demselwechte Stot. Et soll e representativen Echantillon sinn, sou den Thomas Dentzer. Sou wéilt ee kucken, wéi vill Leit eng gewëssen Immunitéit hunn.
44 Prozent vun de Leit hu keng Antikierper
D'Immunitéit an der gesamter Populatioun hei zu Lëtzebuerg ass am gaangen ze klammen. Dat weist d'Auswäertung vun deen am Ganze ronn 25.000 Antikierpertester, déi zanter November hei am Land gemaach goufen.
Aktuell hätten 33 Prozent vun de Leit "ganz vill" Antikierper, 22 Prozent hätte "mëttel-vill" Antikierper. 44 Prozent hu guer keng Antikierper, dat weisen d'Zuelen aus der Woch vum 7. Juni. E Constat dobäi ass: den Ament hunn eeler Leit méi Antikierper wéi méi Jonker. Dat géif natierlech och mat den Altersgruppe korreléieren, déi scho geimpft sinn, preziséiert den Dr. Thomas Dentzer.
Méiglecherweis eng drëtt Dosis am Hierscht
Och an den Alters- a Fleegeheemer ginn Antikierpertester vu mobillen Equippe vun der Santé gemaach. D'Resultater do géife jee no Struktur variéieren an et géif ëmmer och eng bestëmmten Zuel vun eelere Leit ginn, déi zwar komplett geimpft sinn, an awer kéng Antikierper hunn. Den Dr. Thomas Dentzer schwätzt vu sechs bis zéng Prozent vun de Leit, jee nodeem wéi een Altersheem et ass, déi keng Antikierper hunn. Trotzdeem weist d'Santé sech "ganz positiv" vun dësen Zuelen.
Et wier dem Dr. Thomas Dentzer no awer net auszeschléissen, datt Leit, déi no enger kompletter Impfung oder eng Infektioun keng oder net vill Antikierper entwéckelen, am Hierscht oder Wanter eventuell eng drëtt Impfdosis misste kréien, sief et vum selwechte Vaccin, oder vun enger Variant vum Vaccin. Hie geet dovunner aus, datt am Hierscht deementspriechend Impfungen op de Marché kommen.
Verschidden Impfproduzente si schonn am gaangen, adaptéiert Vaccinen ze testen, fir eng besser Effikassitéit géint d'Virusvarianten ze hunn. Den Dr. Thomas Dentzer nennt hei virop déi D'Beta-Variant, déi als éischt a Südafrika nogewise gouf, oder d'Zeta-Variant, déi als éischt a Brasilien opgedaucht ass.
Antikierper sinn net den eenzege Moossstaf
D'Immunitéit ass eng komplex Matière, et wéisst een nach ëmmer net genee, wéi laang verschidde Leit wierklech eng Immunitéit hunn. Et ass och nach net kloer, vu wéini un een immun ass. D'Resultat vun den Antikierpertester am Large-Scale-Testing seet deene Betraffenen nämlech just, ob se Antikierper hunn, a wéi vill, mee net, wat dat genee heescht.
"An der Äntwert krit der gesot: Dir hutt entweder ënner eelef, oder tëschent eelef a 60, oder iwwer 60. Wan een iwwer 60 huet, da soe mer: deen huet ganz vill Antikierper, wann en tëschent 11 a 60 ass, dann huet en mëttelméisseg vill, dat heescht, et sinn der do, mee net fuerchtbar vill, an ënner 11 ass den Test einfach negativ."
Mee sou e negativen Antikierpertest - deen also weist, datt ee keng Antikierper huet - heescht och net onbedéngt, datt ee net immun ass, well d'Antikierper net eleng de Moossstaf fir d'Immunitéit sinn, preziséiert den Dr. Thomas Dentzer. Och déi sougenannten T-Zellen, déi eng infizéiert Zell ugräifen, si wichteg fir d'Immunitéit ze moossen.
Mee déi zellulär Immunäntwert vum Kierper gëtt bei den Antikierpertester am Large-Scale-Testing zu Lëtzebuerg net gemooss. Et wier relativ schwiereg dat ze moossen, well et ganz wéineg kommerziell Tester dofir ginn. Weiderhi wier esou een Test och méi opwenneg, esou den Dr. Thomas Dentzer. Wann ee geimpft ass a keng Antikierper huet, soll een awer net verzweiwelen.