Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dumbo Tracks - Slow Despair Feat. Marker Starling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 27 Flüchtlingen erdrénken am Ärmelkanal: Wann d'Politik méi wichteg wéi d'Gesetz gëtt

Chronik

27 Flüchtlingen erdrénken am Ärmelkanal: Wann d'Politik méi wichteg wéi d'Gesetz gëtt

D'lescht Woch koum et zum déidlechsten Accident, deen et am Ärmelkanal jee gouf. Frankräich wëll elo verstäerkt géint d'Passeuren virgoen. Ob sech d'Situatioun doduerch fir d'Flüchtlinge verbessere wäert, bezweifelt eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn.

auto_stories

3 min

Zanter bal 20 Joer reguléiert den Traité du Toquet de Grenzschutz tëscht Frankräich a Groussbritannien. Den Nicolas Sarkozy, deemools nach franséischen Inneminister, huet doranner de géigesäitege Grenzschutz vu béid Länner ënnerschriwwen. Datt de Mëttwoch 27 Flüchtlingen am Äermelkanal erdronk sinn, ass en Armutszeugnis fir den Accord a fir déi europäesch Migratiounspolitik.

Macron kritiséiert dem Johnson seng Methoden

Den Traité du Toquet ass juristesch kontrovers. Op franséischer Säit kollidéiert den Accord ënner anerem mam Artikel 13 vun der Déclaration Universelle des Droits de l'Homme: "Toute personne a le droit de quitter tout pays, y compris le sien." Se dierfen d'Flüchtlingen deemno net zwéngen, a Frankräich ze bleiwen.

Op brittescher Säit geréit den Traité a Konflikt mat de Genfer Flüchtlingskonventiounen, déi Groussbritannien als ee vun de Grënner 1951 ënnerschriwwen huet. Där Konventioun no dierf all Persoun op der Insel Asyl ufroen. De Staat muss d'Demande op d'mannst unhuelen an iwwerpréiwen.

De Boris Johnson hält sech awer net dorunner. A sengem Bréif un den Emmanuel Macron, deen en op Twitter publik gemaach huet, fuerdert hie Frankräich dozou op, d'Flüchtlingen nees bei sech opzehuelen, déi a Groussbritannien ukomm sinn. De President Macron fënnt dem Boris Johnson seng Method net seriö. De Samschden huet d'EU-Kommissioun och confirméiert, datt Groussbritannien sech ëm säin eegene Grenzschutz këmmere misst.

Den Toun verschäerft sech

D'Situatioun ass tragesch, well moralesch a juristesch ginn et besser Argumenter, de Flüchtlingen e legalen Transportwee ze schafen. Mee d'Kris ass haaptsächlech vu politescher Natur.
De Boris Johnson huet mam Brexit déi voll Kontroll iwwer d'Awanderungspolitik versprach. Dat funktionéiert awer net an dowéinst verschäerft hien den Toun Frankräich géigeniwwer.

Déi franséisch Regierung kritiséiert zu Recht dem Boris Johnson säi populistescht Verhalen, zum Beispill andeems se d'brittesch Inneministesch Priti Patel vun enger europäescher Krisesëtzung iwwer d'Migratioun um Sonndeg ausgelueden huet.

Anerersäits muss sech den Emmanuel Macron och eege Feeler agestoen. Hätte Flüchtlingen a Frankräich hallefwegs mënschewierdeg Liewenskonditiounen, hätten se et net esou batter néideg a Groussbritannien weiderzereesen an dobäi hiert Liewen ze riskéieren.

Amplaz fuerdert de franséische President Frontex dozou op, d'EU-Baussegrenze besser ze schützen. Doduerch gëtt suggeréiert, datt de Problem domadder zesummen hänkt, datt et grad am Schengenraum ze vill Flüchtlinge ginn.

1979 koum et aneschters

No de Statistike vum Haut Commissariat des Nations unies pour les réfugiés, kuerz UNHCR, läit déi aktuell Awanderungsquote an der EU ënner 500.000. Am Joer 2015, bei der sougenannter Flüchtlingskris, louch se bei iwwer 1.300.000, also wäit iwwer dat duebelt vum aktuelle Stand.

Am Walkampf vun den élections présidentielles, déi d'nächst Joer am Abrëll sinn, spillt d'Migratiounsfro eng zentral Roll. Déi meescht Kandidate schwätzen sech kloer fir eng Verschäerfung vun de Grenzkontrollen aus.

Dat war net ëmmer de Fall. 1979 huet Frankräich iwwer 100.000 vietnamesesch Flüchtlingen opgeholl. Deemools hunn sech de rietsen Intellektuelle Raymond Aron an de lenke Philosoph Jean-Paul Sartre zesummen ëffentlech am Elysée fir den Accueil vun de Flüchtlingen ausgeschwat.

Dat aktuellt Frankräich ass vun dësem Unanimitéitsgedanke wäit ewech. Wärend sech de Grenzschutz tëscht England a Frankräich weider verschäerft, wuessen och d'Grenzen an de Käpp vun de Leit.