D'Strategie soll e Fokus op d'Nohaltegkeet leeën: am Weltraum selwer an och op der Äerd. Zum Beispill sollen Observatiounen aus dem Weltall hëllefen dem Klimawandel entgéint ze wierken.
Den Ament schaffen eng 1.400 Leit am Weltraumsecteur zu Lëtzebuerg. D'Zuel vun den Entreprise an deem Beräich huet sech an de leschte sechs Joer méi ewéi verdräifacht.
Fir de Mario Grotz, President vum Verwaltungsrot vun der Luxembourg Space Agency, ass nieft der Nohaltegkeet och d'Ethik wichteg, wéi zum Beispill d'Fro vum mënschlechen Impakt op d'Natur, grad ewéi d'Fro vum Ëmgang mat den Informatiounen, déi een doduerch kritt, mee och wéi de Mënsch de Weltraum hannerléisst.