Radioen

On air

Espresso Beats  |  Twen - SeaStar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Vincent Reding fuerdert Vollzäitbuergermeeschteren

Gemengewalen

De Vincent Reding fuerdert Vollzäitbuergermeeschteren

De Vincent Reding geet dovun aus, datt hien och nom 11. Juni Buergermeeschter vu Weiler zum Tuer bleift. Hie wier do ganz optimistesch, seet hien am 100,7-Interview. Weiler zum Tuer ass eng vu sechs Gemengen am Land, an deenen den 11. Juni net gewielt gëtt, well sech do net méi Kandidate gemellt hunn wéi Mandater ze verdeele sinn.

auto_stories

2 min

Foto: Chris Zeien

Déi néng, déi untrieden, sinn also d'office gewielt, a musse sech ënnereneen eens ginn, wien déi nächst sechs Joer Buergermeeschter a Schäffe gëtt. Weiler-zu-Tuer ass eng Gemeng vun 2.500 Leit, de Buergermeeschter vun do huet 13 Stonne Congé politique fir senger Funktioun nozegoen. Dat géif bei wäitem net duergoen, sou de Vincent Reding.

"Dat soll eng voll Tâche sinn, ech plädéiere wierklech dofir, dass mer de Beruff och als Beruff acceptéieren. Dat ass net samschdes fësche goen, nee, dat ass ganz komplex. Do hu mer vill Matièren, vill Circulairen a vill Gesetzer un déi mer eis mussen halen, nieft all deenen Doleancen a Projeten, déi ee jo selwer an der Gemeng huet."

Och oder grad a klenge Gemengen hätt eng voll Tâche a sengen Ae Virdeeler. Well grad a méi klenge Gemenge kéint de Buergermeeschter op manner Personal zeréckgräifen a misst Projeten direkt leeden. "An dofir ass den Zäitopwand och méi grouss. An dofir sollt de Buergermeeschter hei am Land professionaliséiert ginn."

Inkompatibilitéiten am Walgesetz op de Leescht huelen

De Buergermeeschter vun der klenger Majorzgemeng Weiler zum Tuer plädéiert dofir, d'Lëscht vun den Incompatibilitéiten am Walgesetz op de Leescht ze huelen. Am Artikel 11 vun deem Gesetz sinn all déi Funktiounen a Beruffer opgelëscht, déi een net ausüben däerf, wann ee Member vun engem Gemengerot ass. De Vincent Reding bedauert, datt doduerch eng Rei Leit, déi interesséiert wieren, aktiv Gemengepolitik ze maachen, ausgeschloss ginn. Hie wëll net acceptéieren, datt een net e fräiwëllegen Engagement ausüben a gläichzäiteg dat demokratescht Recht hunn de Politikerjob auszeüben.