Radioen

On air

One World  |  Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean-Claude Hollerich: D'Kierch muss sech virun entwéckelen

Katholizismus

Jean-Claude Hollerich: D'Kierch muss sech virun entwéckelen

Datt d'kathoulesch Kierch hiren Ëmgang mat homosexuellen a gescheete Leit oder och d'Roll vun der Fra an hire Reie muss iwwerdenken, ass fir de Kardinol Jean-Claude Hollerich evident. Mee souguer wa se dat mécht, géif dat net all Problemer léisen.

auto_stories

2 min

De Lëtzebuerger Kardinol Jean-Claude Hollerich.

Et misst ee sech d'Fro stellen, wéi een d'Kierch kéint moderniséieren. "Wéi kënne mer iwwer Gott, iwwer Christus schwätzen sou datt et en Discours ass, dee Relevanz huet, deen d'Leit betrëfft? Wéi kënne mer eis Feieren esou gestalten, dass d'Leit frou fortginn, well se eppes do kritt hunn?"

Och un der Sprooch déi ee benotzt misst ee schaffen, sou de Kardinol.

Am Prozess vum weltwäite synodale Prozess spillt de Lëtzebuerger Kardinol jo eng wichteg Roll. Hie gouf vum Poopst chargéiert, d'Synthees ze maache vun de Gedanken, déi sech an de verschiddene Länner iwwer eng Erneierung vun der Kierch gemaach gi sinn.

Weltwäit déi selwecht Iddië fir Erneierung

An alle Länner sinn Iddië gesammelt ginn, wéi d'kathoulesch Kierch sech erneiere kéint. An de Jean-Claude Hollerich war iwwerrascht ze gesinn, wéi staark déi Iddië sech uechter d'Welt gläichen.

"Ech hat dat net erwaart. Zum Beispill seet d'ganz Welt: et dierf keng Exklusioun ginn an der Kierch. Well ee gescheet ass, well een homosexuell ass. An d'Afrikaner soen nach dobäi: well ee polygam ass dierf een net ausgeschloss ginn. Et gehéiert een dozou."

Hie géif hoffen, datt eng Majoritéit dono mat deene Propose liewe kann, fir datt d'Kierch sech erneiere kann.