D'CSV-Parteipresidentin Elisabeth Margue sot de Moien op der Antenn, datt de Moment e puer Optioune fir d'Spëtzekandidatur an den zoustännege Parteigremien diskutéiert ginn. Dëst wier also déi éischt Etapp, déi géif ustoen:
"Mir hunn do eng ganz kloer Prozedur an eise Statute virgesinn, déi fir d'éischt emol virgesäit, datt den Nationalcomité decidéiert, wéi mir eis opstellen. Dat heescht: Ee Spëtzekandidat um nationalen Niveau, e puer Bezierks-Spëtzekandidaten, oder zwee oder dräi."
No dësem éischte Schrëtt sollen da Sondéierungsgespréicher mat méigleche Kandidate gefouert ginn. D'Elisabeth Margue wollt sech de Moien net dozou äusseren, wien dofir a Fro kéim.
Op Nofro hin huet d'Parteipresidentin awer net ausgeschloss, datt de fréien Finanzminister Luc Frieden d'Spëtzekandidatur bei der CSV kéint iwwerhuelen:
"Nee, ech schléissen näischt aus. Mir sinn an enger Situatioun, wou mir an enger Kris sinn: Als Land, an och als Partei, kënne mir an där hei Situatioun ganz oppe mat der do Fro ëmgoen. An déi néideg Froe stellen, déi mir mussen."