Well den Alkohol an eiser Kultur staark verankert ass a praktesch zum Alldag dozou gehéiert, wier et net ëmmer einfach, fir drop ze verzichten, seet d'Ute Heinz. Dofir wier d'Initiativ, fir am Januar keen Alkohol ze drénke wichteg, well ee sech mat sengem eegene Konsum ausernee setze kann.
Positiv Erfarunge méi wichteg wéi theoretesch Risiken
Eegen Erfarunge géife bei dëser Initiativ eng wichteg Roll spillen, esou d'Vize-Presidentin vum Suchtverband: Wann ee mierkt, datt een duerch de Verzicht op Alkohol besser schléift, u Gewiicht verléiert, a Sue spuert, da wär een éischter bereet, och iwwer de Januar eraus den Alkohol méi dacks op der Säit ze loossen.
Esou positiv Erfarunge géife warscheinlech méi bréngen, wéi "theoretesch Ofhandlungen iwwer d'Risike vum Alkoholkonsum", esou nach d'Ute Heinz.
CNAPA a Quai 57 sinn zwou Ulafstelle fir Leit, déi wéinst hirem Alkohol-Konsum Hëllef sichen.