De Caritas-Direkter seet, dat géif reegelméisseg zu Schwieregkeete féieren, déi ee kéint evitéieren, wann all d'Responsabilitéiten an enger Hand géife léien
"Wann dat alles an enger Hand wier, da géif et manner Ofstëmmungsschwieregkeete ginn, an da kéinten och esou Situatiounen eventuell evitéiert ginn, wéi se dann elo an dem Gebai ware, wou Gourde sollte geliwwert gi fir datt d'Leit kéinte Waasser um Krunn huelen, an dofir awer d'Fläschewaasser schonn ofbestallt gi war. An iergendwéi war dann do op eemol eng Situatioun entstanen, wou et effektiv en Enkpass gouf."
Den Enkpass beim Drénkwaasser an engem Gebai fir ukrainesch Flüchtlingen um Kierchbierg wier awer mëttlerweil behuewen, esou nach de Marc Crochet. D'Leit wieren awer net ideal ënnerbruecht:
"Dat Gebai war net fäerdeg Mëtt Dezember, wéi d'Leit do agezu sinn, an et ass och haut an Deeler nach am Gaange fäerdeg gestallt ze ginn. Do ware keng Schlësselen op den Dieren, well dat Gebai war nach net ofgeholl, datt Leit hätte kënnen do anzéien. Do sinn d'Buedzëmmer net fäerdeg gewiescht, an do gëtt nach dra geschafft."
Wann d'Gebai éischter fäerdeg gewiescht wier, da wieren d'Konditioune fir d'Leit och besser gewiescht fir direkt en Urgence anzezéien, seet de Marc Crochet.