E weidert Joer geet op en Enn. Nees e Joer mat onerwaarten, leider negativen historesche Bréch. Onerwaart, den Agressiounskrich vu Russland, Member vum Conseil de l'Europe, géint d'Ukrain, e weidere Member vum Conseil de l'Europe. Ondenkbar, datt ee vun de mächtegsten Mënschen op der Welt 2022 domat drot Atomwaffen anzesetzen.
Et brauch déifgräifend a systemesch Reformen
Geneesou ondenkbar war et, datt d'Welt méintelaang 2020 an 2021 duerch eng modern Pescht confinéiert gouf. Geneesou ondenkbar wéi datt mer weiderfueren, trotz joerzéngtelaange Warnungen, den Ekosystem vun der Äerd esou ze zerstéieren, datt d'Klimakatastroph riskéiert scho bannent enger Generatioun Realitéit ze sinn. Geneesou ondenkbar datt Neo- oder Postfaschisten un der Spëtzt vun EU-Regierunge stinn an en "Urfaschist" President vun den USA wärend véier Joer war. Knapps 75 Joer nom Enn vun engem Weltkrich, deen och d'Enn vum extremen Nationalismus sollt bedeiten.
Do sti mer haut, 30 Joer nodeems déi kapitalistesch Wirtschafts- a Gesellschaftsform, ob an hirer neoliberaler Form am Westen oder an hirer autoritärer Form a Russland, a China an an den arabesche Staaten eleng dës Welt beherrscht. Grad d'Evenementer vun 2022 beweisen, datt deen Neoliberalismus all historesch Legitimitéit verluer huet. Ech hat d'lescht Joer dofir geduecht, datt d'Zäit komm wier Alternativen ze entwéckelen, a Form vun déifgräifende, systemesche Reformen.
Hypocrisie a Korruptioun
Mee ech hu mech geiert. De Géigendeel ass agetraff. "Ist der Ruf erst ruiniert, lebt es sich ganz ungeniert." Fir sech a säi Regimm un der Muecht ze perpetuéieren, lancéiert de Putin mat surrealistescher Rhetorik e Krich aus enger anerer Zäit. Coca-Cola, de gréisste Plastik-Verschmotzer vun der Welt, ass de Sponsor vun der UN-Klimakonferenz. Den Infantino, d'Fifa an de Scheich dee se korrumpéiert huet, veraarschen e ganze Mount ongenéiert all hir Kritiker uechter d'Welt. Wärend dësem Evenement, dat just duerch Korruptioun zustane koum, platzt am EU-Parlament een enorme Skandal. Grad an dëser Institutioun vun der EU, déi sech als Virkämpferin fir de Rechtsstaat versteet, kruten d'Vizepräsidentin an hir Acolytte Schmiergelder vum Katar.
Widderstand fänkt u mat engem Wuert: Nee!
2022 huet d'Welt leider e weidere Schrëtt an déi falsch Richtung gemaach. Eng Richtung déi an eng däischter Zukunft féiert. Ech wënschen eis dofir all, datt mer d'nächst Joer méi Kraaft fannen fir elementar Gesten vun zivilem Widderstand géint dëse Wee an d'Barbarei. Widderstand fänkt u mat engem Wuert. Dat heescht: Nee! Ech maachen net méi mat. An et geet weider mat Aktiounen, dem Engagement mat Aneren, an der Gesellschaft, an de Medien, op der Strooss, national wéi international. Prost, mee op en neit Joer mat hoffentlech méi Liichtblécker wéi dëst.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.