Virun zéng Deeg war am Cercle an der Stad d'Optaktveranstaltung vun enger Konferenz, déi den UNESCO-Léierstull fir Mënscherechter op der Uni Lëtzebuerg zesumme mat der italieenescher Ambassade organiséiert hat iwwer d'Schicksal vun de Kanner a bewaffnete Konflikter.
D'UNO versteet ënner Gewalt géint Kanner - fir si all Jonker bis 18 Joer - d'Rekrutéierung vu Kannerzaldoten, d'Ermuerden, d'Verstümmelen, d'Vergewaltegung an d'Entféiere vu Kanner, gezwonge Kannermariagen, awer och Ugrëffer op Schoulen a Klinicken an op déi Leit, déi sech do ëm d'Kanner këmmeren.
Sexuell Gewalt géint Kanner
D'ONG Save the Children huet gerechent, datt de Risiko vu sexueller Gewalt géint Kanner sech säit 1990 verzéngfacht huet. Iwwerall do, wou arméiert Männer sexuell Gewalt géint Fraen ausüben, hëlt och d'sexuell Gewalt géint Kanner zou.
E puer Zuelen: 49 Prozent vun de Kanner a Syrien an am Irak riskéiere mat sexueller Gewalt a Kontakt ze kommen, a Somalia 56 Prozent an am Jemen 83 Prozent.
Natierlech ass d'Donkelziffer vill méi héich: Angscht a Schimmt verhënneren d'Affer ze soen, wat hinne geschitt ass, esou datt ee kann dovun ausgoen, datt 80 Prozent vun deene sexuelle Gewaltdoten net gemellt ginn. Und wo kein Kläger ist, ist kein Angeklagter...
Dat jéngst vun hinnen hat sechs Méint
Den Dokter Denis Mukwege, deen 2018 de Friddensnobelpräis krut an deen d'Grande-Duchesse an hirem Projet "Stand Speak RiseUP" begleet, huet am Kongo eng Klinik gegrënnt, wou hie Frae betreit, déi kuerz virun der Gebuert stinn oder déi vergewaltegt goufen.
Hie sot an engem Artikel: "Ech konnt mir net virstellen, datt e puer vu mengen éischte Patientinnen net Fraen an de Wéie wieren, mee Puppelcher, déi vergewaltegt gi waren. Dat jéngst vun hinnen hat sechs Méint."
Sozial a wirtschaftlech Auswierkungen
Sexuell Gewalt géint Kanner gëtt erliichtert duerch ongläich Muechtverhältnisser an de Gesellschaften an duerch reliéis oder kulturell bedéngte Geschlechternormen, wéi Éier oder Virginitéit fir d'Meedercher oder Stäerkt an toxesch Maskulinitéit fir d'Jongen.
Déi Kanner an déi Jugendlech, déi esou entsetzleche Gewaltdoten ausgesat sinn, erhuelen sech ni vun deem traumateschen Erliefnis, well oft genuch physesch Konsequenzen se drun erënneren: Kanner, déi aus engem Viol entstinn, Verletzunge vum Ënnerleif oder Krankheeten duerch sexuelle Kontakt. Doriwwer eraus riskéieren déi Iwwerliewend aus hire Gesellschaften ausgeschloss ze ginn: d'Jongen, well a ville Kulturen d'Homosexualitéit stigmatiséiert gëtt, an d'Meedercher, well se Onéier iwwer d'Famill bruecht hunn.
Et ass kaum eng sozial Grupp, iwwer déi et souvill Resolutiounen a Recommandatioune gëtt wéi iwwert Kanner. Awer well si keng weltwäit effikass Lobby hunn, bleiwen déi grujeleg Doten un hinne weiderhin ongestrooft.