Radioen

On air

Notturno  |  Debby Blackwell - Once You Got Me Going

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2022 war dat wäermste Joer jeemools zu Lëtzebuerg

Bilan Meteo 2022

2022 war dat wäermste Joer jeemools zu Lëtzebuerg

De Klimawandel huet d'Joer 2022 zu Lëtzebuerg däitlech markéiert: Et war dat wäermsten Joer, dat jee hei am Land gemooss gouf, esou de Bilan vum Météo-Service vum Landwirtschaftsministère. D'Landwirtschaft huet ënner der extremer Dréchent deels staark gelidden.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Fréijoer, Summer, Hierscht a Wanter - all d'Joreszäite waren dëst Joer iwwerduerchschnëttlech waarm.

Duerchschnëttstemperature klammen

Am extreemste waren d'Temperaturen am Summer: Mat 60 Deeg vun iwwer 25 Grad an enger Maximaltemperatur vun 36 Grad, war et deen zweetwäermste Summer, deen zanter 1838 zu Lëtzebuerg gemooss gouf.

An och am Wanter war et an der Moyenne 1,3 Grad méi waarm ewéi am selwechten Zäitraum bannent den 30 Joer virdrun.

Zu Lëtzebuerg sinn d'Duerchschnëttstemperaturen iwwer d'ganzt Joer gekuckt mëttlerweil schonn ëm 2,5 Grad par Rapport zur virindustrieller Zäit geklommen.

Méi héije Risiko vun Dréchenten

Mam Klimawandel ass besonnesch de Risiko vun Dréchenten geklommen, schreift de Meteoservice vum Landwirtschaftsministère. Wärend dee Risiko virdru just am Juni a Juli méi héich war, riskéiert et mëttlerweil bal dat ganzt Joer iwwer méi dréchen ze sinn ewéi fréier üblech.

Dëst Joer hunn dorënner virop den Ubau vu Kären, Gromperen a Geméis gelidden. Dee laangen a waarme Summer wier fir d'Geméis zwar engersäits gutt. Mee wéinst der Dréchent hätten d'Geméisbaueren misse vill Suen ausginn, fir hir Felder ze bewässeren.

D'Friichten profitéiere vum méi waarme Klima: d'Recolte vu Kiischte, Mirabellen, Äppel a Biere war gutt. D'Wäilies huet iwwerdeem nach ni esou fréi ugefaangen, ewéi dëst Joer - nämlech schonn Enn August, ee Mount méi fréi wéi soss üblech.

Klimawandel ass responsabel

Den Trend vun de leschten Joerzéngten ass kloer, stellt de Meteoservice vum Landwirtschaftsministère fest:

Déi zéng wäermste Joren, déi zu Lëtzebuerg gemooss goufen, waren all am Zäitraum zënter 2002. A responsabel ass dofir dee vum Mënsch verursaachte Klimawandel.