Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2022 kommen déi éischt nei Zich

Mobilitéit

2022 kommen déi éischt nei Zich

D'Joer 2021 steet bei der Eisebunn nees eemol am Zeeche vu ganz héijen Investitiounen an de Schinnereseau, sou wéi se schonn zanter e puer Joer gemaach ginn. Dëst Joer ginn d'Aarbechten un zwee neie Quaie mat véier neie Gleiser an der Stater Gare ofgeschloss.

auto_stories

2 min

De Marc Wengler ass Generaldirekter vun der CFL

Iwwer de Summer ass méi e kriddelege Moment, wa wärend de puer Woche keen Zuch Richtung Norden aus der Gare eraus, oder aus dem Norden an d'Gare eran wäert kënne fueren, well d'Gleisen an d'Weichen um sougenannten Nordkap erneiert ginn.

En änlechen Exercice wäert d'Joer drop am Süde stattfannen, seet de Marc Wengler. Hei wäerten d'Anlagen an d'Weichen reorganiséiert musse gi fir datt herno all Linn hiren dediéierte Quai op der Stater Gare wäert hunn.

Esou Aarbechte géife systematesch gemaach ginn, an et géif een d'Vakanzen notzen, well da manner Cliente vun den Zuchausfäll betraff sinn. Fir dat Lach am Reseau wärend dësen Aarbechten ze iwwerbrécken, sollen dee Moment Busser agesat ginn. Fir déi, déi op de Kierchbierg wëllen, wier den Tram dann déi bescht Alternativ, sou de CFL-Generaldirekter Marc Wengler.

400 Milliounen Euro fir nei Zich

D'Lëtzebuerger Eisebunn 2018 decidéiert, an nei Zich ze investéieren, an huet 34 Neier bestallt. Dat wieren "natierlech ganz modern Zich", seet de Marc Wengler. Esou eng grouss Commande hätt d'CFL bis ewell nach ni gemaach. Den CFL-Generaldirekter schwätzt vu 400 Milliounen Euro, déi investéiert ginn.

"Déi éischt wäerten Enn 2022 kommen, d'Liwwerung geet da bis 2024/2025. An da wäert och ganz am Ufank déi eelst Serie ersat ginn. Do wäert de Client also schonn direkt eppes dovu mierken."

D'CFL wäert den Exercice 2020 trotz engem krisebedéngte Ëmsaz-Réckgang vun 12 Prozent am Cargo-Beräich positiv ofschléissen. Déi detailléiert finanziell Resultater ginn eréischt am Juni presentéiert, seet de Marc Wengler.