Fir dëse Wanter wieren d'Gasreserve gutt gefëllt. Allerdéngs géif et fir nächste Wanter Schwieregkeete ginn, well kee Gas méi aus Russland kënnt. Wéinst russesche Liwwerungen déi feelen an Onsécherheet beim Gasverbrauch an Asien an och wéinst de Wiederkonditioune kéinten d'Gasreserven zum Schluss vum Wanter eidel sinn. "An da gëtt et méi schwiereg fir déi Gasspäicher bis November nächst Joer nees ze fëllen", sou den Erik von Scholz.
Et wier deemno nach ze fréi fir eng Entwarnung an Hisiicht vum nächste Wanter erauszeginn.
Och d'Klimakris kéint een zum Deel an de Grëff kréien, wann een Energie spuert an déi erneierbar Energien ausbaut, sou den Erik von Scholz.