Wéi eng Subventioune genee mussen ofgeschaaft gi misst awer nach analyséiert ginn, esou den héije Beamten.
"All Subventioun vu fossillen Energien oder verschidden Ënnerstëtzungen am Landwirtschafts-Beräich si sécher ëmweltschiedlech, an déi musse mer eng Kéier op de Leescht huelen."
Den Naturschutz-Accord vu Montreal gesäit ënnert anerem vir, datt ronderëm d'Welt ëmweltschiedlech Subventiounen an Héicht vu 500 Milliarden US-Dollar sollen ofgebaut ginn. An datt 30 Prozent vun all de Land- a Mieresfläche ronderëm d'Welt bis 2030 sollen ënner Naturschutz gestallt ginn.
Den André Weidenhaupt aus dem Ëmweltministère ass optimistesch, datt d'Naturschutz-Ziler agehale ginn, déi e Méindeg an engem weltwäiten Accord zu Montreal a Kanada festgehale goufen. D'Ziler aus dem Accord wieren zwar net aklobar, esou den héije Beamten. An awer missten d'Länner matdeelen, wéi vill Progrèse si scho gemaach hunn.
"Da kënnt een op esou Name-and-Shame Geschichten. Da gesäit een: Wie mécht eppes, a wie mécht näischt?"