Radioen

On air

9 bis 1  |  The Smiths - This Charming Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Psychotherapie: "144 Euro si mäi lescht Wuert," esou de Minister

Remboursement

Psychotherapie: "144 Euro si mäi lescht Wuert," esou de Minister

De Sozialminister Claude Haagen hofft, datt d'Gesondheetskeess de Remboursement vu Psychotherapië scho geschwë wäert iwwerhuelen. Seng Propose, datt d'CNS 144 Euro fir eng Stonn Psychotherapie bezuele soll, wier am Moment am Gaang déi néideg Prozeduren ze duerchlafen.

auto_stories

1 min

De Claude Haagen hofft, datt dës Prozedure séier ofgeschloss sinn. Esouwuel d'CNS, ewéi d'Psychotherapeute missten elo mat dem Tarif liewen, seet de Claude Haagen:

"Ech gesinn elo net, datt hei deen ee méi favoriséiert gi wier, wéi den aneren. Hei ass eng Decisioun - déi kann een ëmmer diskutéieren, dat ass richteg. Mee ech mengen d'Diskussiounen hunn elo no siwe Joer en Enn, an dat ass den Tarif!"

Um Montant vum Remboursement wéilt hien näischt méi änneren, betount de Sozialminister: 144 Euro wiere säi lescht Wuert.

"Ech gesinn och net, wat et do anescht ze verhandele gëtt. Wann den Tarif da bis en application ass, da kann d'Fapsylux natierlech Renegociatiounen uféieren, wéi dat am Code vun der Sécurité Sociale virgesinn ass."

Déi Diskussioune misst d'Federatioun vun de Psychotherapeuten dann awer nees mat der CNS féieren, esou de Claude Haagen.