Den aktuelle Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch, de Marc Barthelemy, seet, et géife sech all Joer eng zéngdausend Erwuessener a Lëtzebuergesch-Coursen aschreiwen.
"Blended learning" als nei Léiermethode
Mat dëser grousser Demande wier och net einfach, Enseignantë fir all Coursen ze fannen, esou de Marc Barthelemy.
Dofir soll nieft de Coursen am Présentiel elo och verstäerkt op eng nei Léiermethode gesat ginn:
"Et ass ganz gënschteg, datt mer kierzlech de Site llo.lu konnten aweien, op dem ee ka Lëtzebuergesch online léieren. An da kann een do mat dem sougenannten "blended learning" schaffen. Dat heescht, datt ee selwer um Internet léiert, a periodesch Kontakt huet mat engem Enseignant."
Nei Zorte vu Léiermatreial
De Marc Barthelemy huet och betount, datt nei Zorte vu Léiermaterial gebraucht ginn. Bei de ganz klenge Kanner bräicht ee Virlies-Bicher op Lëtzebuergesch.
Fir Jugendlecher feele Produktiounen, déi een zum Beispill um Handy kéint kucken an déi dës Altersgrupp och géif uschwätzen. Et bräicht een awer och adequat Texter a Material fir Erwuessener:
"Zum Beispill fir ënnerwee am Auto ze lauschteren. Well vill Leit aus der Groussregioun, déi wëlle Lëtzebuergesch léieren, déi sëtze laang am Auto oder am Bus an dofir wier et och nëtzlech, wa si dat kéinte lauschteren."
Pierre Reding gëtt neie Kommissär
An zwou Wochen geet de Marc Barthelemy an d'Pensioun, an de Pierre Reding gëtt dann den neie Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch.
Den héije Beamten aus dem Educatiounsministère wäert dee Posten dee Moment iwwerhuelen. Als neie Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch iwwerhëlt hien dann d'Responsabilitéit, fir Mesuren ëmzesetze fir d'Lëtzebuergescht ze fërderen.
D'Regierung huet dës Woch en Aktiounsplang mat 50 Mesuren decidéiert, déi an déi Richtung ginn.