D'Parlament misst sech bewosst sinn, datt dës Korruptiouns-Affär net an aacht Deeg aus der Welt ze schafe wier, esou de Charles Goerens.
D'Europaparlament hätt elo en décke Problem, erkläert de liberalen Europadeputéierten. Et géif een awer och net genuch betounen, datt d'Parlament mat Determinatioun d'Enquêteuren ënnerstëtzt:
"D'Madamm Metsola, d'Presidentin, ass selwer aus dem Weekend komm fir bei enger Perquisitioun derbäi ze sinn, hir Servicer hunn Uweisung kritt fir alles ze maachen, mir maachen eng intern Enquête... Also et ass net, wéi wann do géif versicht ginn, eppes ënner den Teppech ze kieren"
"À tête reposée Neel mat Käpp maachen"
Et misst ee sech elo Reegele ginn, déi "méi staark si wéi mir", esou de Charles Goerens. Allerdéngs misst ee sech dofir déi néideg Zäit an Distanz huelen, an näischt iwwer de Knéi briechen.
Dem Europapolitiker no wier de "beschten Outcome" vun de Berodungen, déi elo kommen, een Ethikrot, deen iwwer d'Anhale vun enger Partie Reegel waacht, an op déi sech d'Parlament, de Conseil an d'Kommissioun eenege missten. Dëst wier och dat, wat d'Ursula von der Leyen e Méindeg deklaréiert hätt, esou nach de Charles Goerens.