Radioen

On air

Notturno  |  José González - Stay Alive

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Energie-Fuerscher: "Mir brauche méi Waasserstoff-Projeten"

Wëssenschaft

Energie-Fuerscher: "Mir brauche méi Waasserstoff-Projeten"

Waasserstoff-Technologië ginn hei am Land nach net konsequent genuch gefërdert, seet de Stefan Maas vun der Uni Lëtzebuerg.

auto_stories

1 min

Dem Energie-Fuerscher no wier de politesche Wëllen, fir méi op Waasserstoff ze setzen zwar do, mee dat géif net séier genuch geschéien an dat obwuel d'Zäit géif fortlafen.

"A mir hunn net nach eng Kéier 30 Joer Zäit fir dee Problem do ze léisen. Ech géif mer wënschen, datt mer wéi an der Covid-Kris soen: Hopp mir maachen et elo! [...] Mir mussen do an zéng Joer klimaneutral sinn."

De Stefan Maas wënscht sech virun allem, datt grouss Pilot-Projeten an Zesummenaarbecht mat Industriebetriber lancéiert ginn. Esou wäit wier een am Moment awer nach net, elo géif et nach drëms goen, fir kleng Labos-Projete virun ze dreiwen.