D'LISER-Direktesch warnt, dat kéint dozou féieren, datt manner qualifizéiert Aarbechtsplaze verluer ginn. D'Aline Muller betount dofir an der aktueller Situatioun wier et besonnesch wichteg, datt d'Regierung eppes ënnerhëlt fir Leit mat manner héijen Akommes z'ënnerstëtzen:
"Ech hat jo gesot datt an Inflatiounsperiode d'Steiergelder méi voluminéis erakommen. Déi Steiergelder musse wierklech genotzt gi fir eng Investitiounspolitik ze finanzéieren, mee och fir Ongläichheete kënnen ze combléieren."
Onofhängegkeet vun der Wëssenschaft zu Lëtzebuerg net a Gefor
D'Aline Muller mécht sech keng Suergen iwwer d'Onofhängegkeet vun der Wëssenschaft hei am Land. Am Kader deen de Moment besteet, kéinten d'Fuerscher vum LISER gesellschaftlech Entwécklungen ouni politeschen Drock kommentéieren.
D'Gouvernance vum LISER, déi aus engem Verwaltungsrot an aus der Direktioun besteet, géif et erméiglechen, datt d'Fuerschung sech onofhängeg weider entwéckelt, och wann de LISER zu engem Deel aus ëffentleche Sue finanzéiert gëtt.
D'Direktesch vum LISER gesäit och keng Gefor, datt dat sech deemnächst kéint änneren, doru géif och de Fall vum Jeff da Costa näischt änneren. De jonke Meteorolog hat bei enger privater Firma gekënnegt kritt, nodeems hien sech an engem Interview kritesch iwwer d'Regierung geäussert hätt. D'Aline Muller seet dat wär en Eenzelfall, den si net kéint kommentéieren.