D'MSH huet dofir och kee Problem mam sougenannte "virage ambulatorie", also dem Plang fir ëmmer méi Behandlungen ambulant an dezentrale Strukturen unzebidden, fir eng adequat Prise en charge iwwer d'ganzt Land unzebidden. Dat däerft just net dozou féieren, datt d'Spideeler geschwächt ginn, sou den Dokter Jean Reuter. Dofir wier et wichteg - sou wéi d'Regierung et och plangt - op e Lien vun deenen ambulante Strukture mat engem Spidol ze bestoen.
"Wat eis ganz wichteg ass, ass, datt mer net an e System komme wou mer net eng 2-Klasse-Medezin hunn, mee zwou Klasse vun Dokteren. Engersäits Dokteren, déi am Spidol schaffen, Gardë maachen, Nuetsdéngschter, 365 Deeg am Joer 24 Stonne mussen disponibel sinn, déi schwéier Medezin maachen, déi awer ënner Ëmstänn vun der Tarifikatioun hir net esou interessant ass. An een op där anerer Säit an ambulanten Zentre ka vu méindes bis freides schaffe vun 8 bis 5, an eng ganz interessant Tarifikatioun hunn."