Radioen

On air

Notturno  |  Sylvie - Hold On Magnolia

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Akzisen um Sprit: Déi nei Ëmweltministerin wëllt "keng Schnellschëss"

Invitée vum Dag

Akzisen um Sprit: Déi nei Ëmweltministerin wëllt "keng Schnellschëss"

Déi nei Ëmweltministerin wëllt sech am Moment net festleeën, op d'Regierung d'Akzisen um Sprit virun de Walen nach eng Kéier erhéicht. Si wéilt an der Fro no dräi Wochen am Amt "keng Schnellschlëss maachen", esou d'Joëlle Welfring.

auto_stories

2 min

Déi nei Ëmweltministesch wëllt sech am Moment net festleeën, ob d'Regierung d'Akzisen um Sprit virun de Wahlen nach eng Kéier erhéicht. D'Regierung misst sech iwwerleeën, wéi se d'CO2-Emissioun, déi duerch den Transport entstinn, weider ka reduzéieren, esou d'Joelle Welfring am 100,7-Interview. Éier een decidéiert, wéi eng Mesuren dofier néideg sinn, misst een awer déi aktuell Moosnahmen an dem Beräich analyséieren.

"Ech mengen do musse mer och nach kucken, wat tatsächlech elo den Observatoire de la politique climatique eis elo liwwert vun Evaluatioune vun den aktuelle Politicken, dei schon en Place sinn. An et ass net fir do elo Schnellschëss ze maachen no dräi Wochen am Amt."

Déi nei Ëmweltministerin Joëlle Welfring geet nächst d'nächst Joer mat an d'Chamberwalen. Mee wier si och bereet an d'Chamber ze goen, wann déi Gréng no de Walen net méi an d'Regierung kommen? Do wollt d'Joelle Welfring sech de Moien am 100,7-Interview nach net festleeën. Si géif de Fonctionnement vun der Chamber nach net kennen, géif sech deen an der nächster Zäit awer e Bild dovu maachen.

"An ech denken, datt meng Vue sech do an de nächste Méint kloer wäert festegen. Wéi gesot: Ech sinn oppen."