Radioen

On air

Notturno  |  Englbrt - Euphoria

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Strasser: Ausbau vum mobille 5G soll Enn des Joers ofgeschloss sinn

Generaldirekter Post

Claude Strasser: Ausbau vum mobille 5G soll Enn des Joers ofgeschloss sinn

Bis Enn des Joers soll den Ausbau vum mobille 5G-Netz hei am Land ofgeschloss sinn. De Claude Strasser, Generaldirekter vun der Post, wier zouversiichtlech, datt d'Post dat Zil, dat se sech ginn huet, erreecht. Parallel dozou ginn d'Aarbechten um Glasfaser-Reseau virun, do soll bis 2025 eng Couverture vun 90 Prozent vum Land erreecht ginn.

auto_stories

2 min

Bis 2025 sollen 90 Prozent vun de Stéit hei am Land Zougang zum Glasfasernetz hunn. Dat wier d'Ambitioun, seet de Post-Generaldirekter Claude Strasser am 100,7-Interview. Haut hu 77 Prozent vun de Stéit am Land d'Méiglechkeet, sech un d'Fiber unzeschléissen.

Parallel dozou geet den Ausbau vum mobille 5G-Reseau virun. Dee soll bis Enn des Joers ofgeschloss sinn. 5G géif net onbedéngt dozou féieren, datt d'Toun-Qualitéit vun den Telefonsverbindunge besser gëtt, esou de Claude Strasser. Mee dat léich net um Reseau:

"Dee gudden alen Handy aus Finnland (wéi een e virun 10-15 Joer kannt huet) huet ganz oft zu besserer Sproochqualitéit geféiert wéi mer se haut iwwer munch Smartphone kennen. Dat ass awer ganz einfach deem geschëlt, datt d'Mikroe respektiv d'Komponenten, déi an de Smartphonë fir d'Voix agebaut sinn, net méi forcement dorop ausgeriicht sinn. De Smartphone haut ass wierklech op den Daten-Trafic ausgeriicht."

A 5G investéieren wier déi richteg Entscheedung gewiescht

D'Decisioun vun der Post a béid Reseaue - also Glasfaser a 5G ze investéieren - wier richteg gewiescht, sou de Claude Strasser, och wann d'Investitiounen enorm sinn.

"Den Datekonsum geet an Zukunft esou an d'Luucht. Fir dat eleng iwwer de mobille Reseau alles ofzewéckele géif zu enorme Besoine féieren, wat d'Antennen ubelaangt. Dofir si mir dovun iwwerzeegt, datt an engem Haus, an enger Entreprise e festen Uschloss ëmmer wäert Bestanddeel bleiwen, an déi ganz Indoor-Couverture iwwer d'Glasfaser herno assuréiert gëtt."

De mobille Reseau wier dofir do, seet de Claude Strasser, eng gutt Couverture dobaussen - wann een ënnerwee wier - ze assuréieren, mee net méi.