D'Dokteschassociatioun AMMD warnt virun enger Medezin, déi komplett vum Staat kontrolléiert gëtt. Den AMMD-President Alain Schmit seet, hien hätt der Gesondheetsministesch hir Pläng fir déi medezinesch Strukturen uechter d'Land nei ze organiséieren zwar nach net am Detail gesinn. D'Paulette Lenert hätt awer ugedeit, datt IRMen an aner schwéier Apparater just a Strukture solle bedriwwe ginn un deenen d'Spideeler bedeelegt sinn.
D'AMMD bezeechent déi Approche als "Staatsmedezin":
"Dat ass dat, wourop et eraus leeft: Datt de Staat u sech alles vun uewen erof decidéiert, a kuckt, wéi et ze lafen huet. An dat gesi mir natierlech ganz kritesch, well mer justement aus dem bësse Staatsmedezin, dee mer haut schonn hu jo gesinn, wou d'Problemer leien."
Den Alain Schmit seet weider, datt déi Eckpunkte vun dem Projet de loi, deen d'Gesondheetsminitesch der AMMD matgedeelt hätt, an datt dat alles iwwer d'Spidol soll lafen, "definitiv eng schwéierfälleg Approche" wier: "[Et ass] eng planwirtschaftlech Approche, déi an der Vergaangenheet maassgeeblech zum Problem bäigedroen huet. Dofir kënne mer dat net novollzéien."
Dat géif sech zum Beispill bei de Mammographië weisen, seet den AMMD-President: Déi géifen elo scho praktesch komplett vu staatlecher Säit kontrolléiert ginn, an d'Patiente géifen dofir keng Rendezvouse kréien.
Hannergrond vun der Diskussioun ass de Sträit ronderëm en neien IRM an enger privater Praxis um Potaschbierg. D'AMMD hat der Gesondheetsministesch e Méindeg virgeheit si hätt an dem Debat hir "politesch Credibilitéit" verluer.