D'Asbl Rosa Lëtzebuerg, déi sech fir d'Rechter vun Homo-, Bi-, Trans- an Intersex-Persounen asetzt, fuerdert, datt nach eng Ännerung un der neier Verfassung gemaach gëtt, déi am Moment an der Chamber gestemmt gëtt.
Et wier wichteg, datt dat neit Grondgesetz unerkennt, datt et net just zwee Geschlechter gëtt, esou den Andy Maar vu Rosa Lëtzebuerg:
"An dem aktuellen Text steet zum Beispill nach ëmmer 'männlech' a 'weiblech', wou mir da warnen, datt een d'Villfalt vun de Geschlechtsidentitéiten do mat soll berécksiichtegen."
Den Aktivist fir d'Rechter vun LGBTIQ+ Persoune betount, datt wann dat net geschitt, da géif een d'Gefor lafen, datt déi nei Verfassung scho vereelzt wier, éier se iwwerhaapt a Kraaft trëtt: "Soss riskéiere mer do op Generatiounen nees déi binär Geschlechterrollen an der Verfassung ze zementéieren."
Rosa Lëtzebuerg: "Konversiounstherapien" gëlle verbueden
Therapien, déi Persoune wëlle vun hirer sexueller Orientéierung wëllen "heelen", missten zu Lëtzebuerg explizitt verbuede ginn:
"Dat ass e Verbuet, dat an Däitschland elo a Kraaft ass, wat a Frankräich a Kraaft ass. A mir soen do och ganz einfach: Et soll een net waarde bis d'Kand am spréchwuertleche Pëtz läit. Mir sollten do virgoen. Esou ee Verbuet wier relativ einfach ëmzesetzen. Do fäert een natierlech och e bëssen, datt wann et an de Nopeschlänner verbueden ass, datt et dann eng Zort Tourismus gëtt fir dat dann hei unzebidden."