Fräie Mikro "D'Fangeren ewech vum Index"
D'Indexéierung vun de Léin a Gehälter ass eng vun de wichtegste soziale Conquêten aus dem 20. Joerhonnert. Zitt d'Regierung Léieren aus der Geschicht?, freet sech den Denis Scuto am Fräie Mikro.

D'Indexéierung vun de Léin a Gehälter ass eng vun de wichtegste soziale Conquêten aus dem 20. Joerhonnert. D'Haaptzil ass fréier wéi haut d'Erhalung vun der Kafkraaft vun de Leit. Et goung a geet drëms all Lounofhängegen eng Revaloriséierung vu sengem Akommes ze garantéieren an Zäiten, wou d'Liewe méi deier gëtt.
Den éischte System vu mobiller Lounskala ass zu Lëtzebuerg nom Éischte Weltkrich agefouert ginn. 1921 fir d'Eisebunner a fir d'Staatsbeamten, an engem Kontext vun héijer Inflatioun. Den Index huet also d'lescht Joer zu Lëtzebuerg säin 100. Gebuertsdag gefeiert.
Indexmanipulatiounen an der Vergaangenheet
Historesch interessant ass, datt dës Conquête bei all Kris nees a Fro gestallt gëtt. Am Kader vun der Energie- a Stolkris vun den 1970er an 1980er Jore gouf den 1975 grad generaliséierten Index ugegraff.
Et koum an de Joren 1981-1984 zu Indexmanipulatiounen, andeems eng Maximaltranchenzuel pro Joer festgesat gouf. 1984 fält, och dowéinst, d'CSV-DP-Regierung. Déi nei schwaarz-rout Koalitioun féiert den automateschen Indexéierungssystem nees huerteg an.
D'Attacke géint den Index koumen no den 1980er Joren ëmmer nees am Kader vun der transnationaler neoliberaler Campagne géint de Sozialstaat. No der Finanzkris vun 2007 gouf den Index erëm manipuléiert an dës Kéier op eng Indextranche pro Joer limitéiert. Dat war 2013 ee vun de Grënn, firwat d'CSV d'Wale verluer huet.
2022 féieren d'Energiekris an de Krich an der Ukrain zu enger zanter laangem net méi gekannten Inflatioun. Op en Neits gëtt den Index attackéiert a manipuléiert.
Schonn nees gëtt dës Attack begleet vun deem, wat d'Soziologen "douce Gewalt" vun den Elitten nennen, d.h. eng Kommunikatiounsstrategie déi versicht d'Salariés am Numm vu nobele Wäerter wéi "Solidaritéit" a "soziale Fridden" ze iwwerzeegen, datt Sozialofbau a Krisenzäite legitim ass.
Den Index als rout Linn
Op Säite vun de Gewerkschaften huet den OGBL als éischt verstanen, datt d'Zukunft vum Index net duerch Discoursen a Versprieche garantéiert gëtt, mee duerch e gesellschaftlecht Kräfteverhältnis.
Dofir ass et wichteg kënnen "Nee" ze soen a fir den Index op d'Strooss ze goen, wéi den OGBL et den 1. Mee androcksvoll demonstréiert huet.
Déi aner Gewerkschafte schwätze mëttlerweil och vu rouder Linn am Zesummenhang mam Index. Dëse Sozialkampf dréit och zu eppes Anescht bäi, eppes enorm Wichteges: déi sozial Fro réckelt an de Mëttelpunkt vun der politescher Agenda.
Et bleift - fir si - ze hoffen, datt d'Regierung d'Zeeche vun der Zäit, mee och d'Léieren aus der Geschicht erkennt. Soss geet et hir wéi hire Virgänger 1984 an 2013 a si kritt d'nächst Joer bei de Walen d'Rechnung presentéiert.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.