Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - Celebrate The Abundance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No gescheiterter Tripartite: Den OGBL wëll "op d'Strooss goen"

OGBL-Presidentin Nora Back

No gescheiterter Tripartite: Den OGBL wëll "op d'Strooss goen"

Mir froen d'Presidentin vum OGBL, ob si sech an den Tripartite-Verhandlunge verpokert huet. D'Nora Back stellt gewerkschaftlech Aktiounen an Aussiicht, bis "déi Index-Manipulatioun" vum Dësch wier.

auto_stories

1 min

D'OGBL-Presidentin Nora Back. Foto: Archiv

Den OGBL wëll géint de Mesurëpak op d'Strooss goen, deen d'Regierung no den Tripartite-Verhandlungen decidéiert huet. D'OGBL-Presidentin Nora Back seet, datt am Moment "gewerkschaftlech Aktiounen" a "Manifestatiounen" géint de Mesurëpak geplangt géife ginn:

"Mir sinn elo an der Diskussioun ronderëm eng Informatiounscampagne. An da geet et an d'gewerkschaftlech Aktiounen iwwer. Ech kann Iech haut net soen, wat wéini wäert gemaach ginn. Dat géif ech och net elo op der Antenn soen."

D'OGBL-Presidentin betount, si géif sech keng Suergen driwwer maachen, datt et dem OGBL u Réckhalt feelt: "Mir wäerte beweisen, datt vill Leit hannert eis stinn".

D'Nora Back seet weider, datt sech den OGBL an deenen nächste Wochen, Méint a Jore géif wieren, "bis déi Index-Manipulatioun vum Dësch" wier. Dëst géif an där Form geschéien, datt den onofhängege Gewerkschaftsbond "op der Strooss" gewerkschaftlech Aktiounen a Manifestatioune géif organiséieren.