Radioen

On air

Notturno  |  Friendship - Ugly Little Victory

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tankrabatt: Jonk Gréng sinn "net enttäuscht" iwwer hir Mammepartei

Ëmstridde Mesure

Tankrabatt: Jonk Gréng sinn "net enttäuscht" iwwer hir Mammepartei

De Spriecher vun de jonke Grénge seet hie wier zwar "net glécklech" iwwer der Regierung hir Decisioun fir den Tankrabatt bis Enn vun dësem Mount ze verlängeren. Enttäuscht doriwwer, datt och Ministeren aus senger eegener Partei déi Mesure duerchgewenkt hunn, wier hien awer och net, esou de Fabricio Costa.

auto_stories

1 min

Als Regierungspartei hätt een net nëmmen einfach Decisiounen ze huelen an déi jonk Gréng wiere frou, datt d'Mammepartei hir Bedanken iwwer den Tankrabatt prinzipiell géife deelen.

De Fabricio Costa geet och dovun aus, datt d'Regierung d'CO2-Steier ufanks d'nächst Joer erhéijt, sou wéi dat geplangt ass "[...] well ech nach virun e puer Wochen de Vertrieder vun der LSAP an der Steierdebatt héieren hu soen, datt d'CO2-Steier natierlech misst weider erop goen."