Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deloyal Konkurrenz?

Coronavirus

Deloyal Konkurrenz?

A verschiddene Supermarchéen a Grande Surfacë kann een, nieft Liewensmëttel, och nach aner Produite kafen. Dat suergt fir Diskussioune bei méi klengen Net-Alimentatiouns-Commercen, déi hu missen zoumaachen, an déi mengen, dat wier eng deloyal Konkurrenz.

auto_stories

1 min


De Bäitrag vum Pierre Reyland lauschterenplay_arrow


Beim Stater Geschäftsverband seet de President Guill Kaempff:

"Net méi spéit wéi gëschter hat ech zwee vun eise Memberen, déi sech bei mir beschwéiert hunn, datt si hu missen zoumaachen am Stadkär, an op der grénger Wiss wieren der nach, déi déi selwecht Produite wéi si nach kéinte verkafen, an datt dat net grad equitabel wier."

De Stater Geschäftsverband fuerdert dofir, datt sech déi betraffe Geschäfter op de Verkaf vu Liewensmëttel beschränke géifen.

Mee dat wier schwéier ze geréieren, seet den Direkter vun der Handelskonfederatioun Nicolas Henckes. Net-Alimentatiouns-Rayonen a verschiddene Supermarchéë wieren "effektiv technesch op, well ee se technesch ganz schwéier kann zoumaachen an deene Geschäfter".

D'Handelskonfederatioun hätt d'Federatioun fir Alimentatioun an Distributioun op déi Situatioun higewisen. D'Grande Surfacë géifen sech an der der aktueller Kris mat alle Mëttel op de Stockage an de Liewensmëttel-Rayone konzentréieren, sou nach de Nicolas Henckes. D'Hamsterkeef hätte si bis elo gutt iwwerbréckt kritt.