Nodeem d'Coureure scho Mëtt der Woch fir méi Sécherheet gestreikt haten, koum et op der leschter Etapp um Samschdeg zu engem weideren Incident. E Camionschauffer soll sech net un d'Consignë vun der Police gehalen hunn. Hie soll nom Passage vun e puer Coureuren op d'Coursestreck gefuer sinn, wat Chutten am Peloton provozéiert huet. De Chauffer wier verbaliséiert ginn, explizéiert de Benoît Theisen, Generalsekretär vum Tour.
"Ech weess net, firwat dëst Joer déi Tëschefäll waren", seet de Benoît Theisen nach. D'Autofuerer géife sech awer ëmmer manner un d'Consignen halen, déi ronderëm esou eng Course gëllen. Dat wier ee Phenomeen, deen och bei Courssen am Ausland optrëtt.
D'UCI, déi international Unioun vun de Cyclisten, hat getwittert, dass déi Incidenten net acceptabel wieren, et misst am UCI Comité doriwwer geschwat ginn.
The multiple incidents reported throughout the event related to the shortcomings of the race organisation are not acceptable and will be investigated and reviewed at next week's UCI Management Committee. The appropriate measures will he taken to ensure rider safety at events.
- UCI_media (@UCI_media) September 19, 2020
Publikumssuccès trotz Corona
"D'Organisateure sinn awer zefridden", seet de Benoît Theisen. De Publikumssuccès wier och gutt gewiescht. Et wiere virun allem Leit op der Streck selwer gewiescht. Bei den Arrivéeë waren awer manner Leit, wéi déi Jore virdrun. De Benoît Theisen mengt, datt dat un de fréien Arrivéeszäit louch, mee sécher och un enger gewëssener Angscht vun de Leit viru Covid-19.