Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Luxair engagéiert nei Mataarbechter

Grupp Luxair

D'Luxair engagéiert nei Mataarbechter

De Grupp Luxair plangt, fir weider Leit mat festem Vertrag anzestellen. Dat huet de Generaldirekter Adrien Ney um radio 100,7 ugekënnegt. 50 Leit goufen am Januar agestallt a weider 50 Leit sollen am Mäerz oder Abrëll dobäikommen, seet den Adrien Ney.

auto_stories

3 min

Am Fall wou d'Croissance am Luxair-Cargo-Zenter do wier, kéinten am Summer an Enn 2018/Ufank 2019 am Ganze weider 100 Mataarbechter fest engagéiert ginn, esou de Luxair-Generaldirekter. Den Adrien Ney gesäit seng Entreprise als "wichtege Créateur d'emplois fir Lëtzebuerg". De Luxair-Generaldirekter hofft, datt et op Dauer méi Aarbecht am Cargo-Handling wäert ginn. "De Cargo-Zenter ass eng ganz wichteg Aktivitéit fir eis", huet de Generaldirekter betount. D'Cargo-Geschäft géif awer vun der genereller wirtschaftlecher Situatioun ofhänken. De Luxair-Clienten no géif d'Croissance am Cargo-Geschäft fir op d'mannst sechs Méint bestoe bleiwen.

D'Gewerkschaften OGBL, LCGB an NGL-SNEP hate kritiséiert, datt Personal bei der Luxair géif feelen an datt an alle Beräicher verstäerkt op Saisons-Kontrakter géif gesat ginn. Enn Januar haten d'Gewerkschaften d'Schlichtungsprozedur lancéiert, wéinst den Aarbechtskonditioune bei der Luxair.

Hoffnung op eng Léisung

Am aktuelle Sozialkonflikt bei der Luxair hätt een dëse Mëttwoch eng "gutt Reunioun" mat de Gewerkschafte gehat, seet den Adrien Ney. De Generaldirekter hofft, datt een eng Léisung fir de Konflikt fënnt, virum éischte Rendez-vous op der Conciliatioun, dee fir de 7. Mäerz virgesinn ass.

"Mir hunn normalerweis gutt Sozial-Relatiounen. Mä et ass wéi an enger Famill, et ginn Höhen und Tiefen an et kommen heiansdo mol Konflikter op", esou de Generaldirekter vun der Luxair. Bis elo wier ee sech nach ëmmer eens ginn.

Nei Fligere fir d'Luxair

D'Decisioun fir wéi een neien Typ Fliger d'Luxair sech entscheet, fir no an no hir Maschinne vum Typ Bombardier Q400 z'ersetzen, soll Enn 2018 falen. Dat confirméiert de Generaldirekter am 100,7-Interview. "Ech kéint mir virstellen, datt mir dat am Conseil am Dezember maachen". Déi nei Fligere misste méi grouss si wéi d'Q400, déi 76 Sëtzplazen huet. Den Adrien Ney rechent mat enger "spannender Decisioun".

Wéinst der geplangter Renovéierung vun der Pist um Findel plangt de Grupp Luxair fir zousätzlechen een Okkasiounsfliger ze kafen. "Mir wäerten de Fliger musse kafen, well de Fluchhafen ass net op, wéi en haut op ass. A wa mir technesch Problemer géife kréien, oder mir hätte Retard op deen anere Fluchhäfen, da musse mir dat kënnen opfänken", huet den Adrien Ney erkläert. Soubal ee wéisst, wéini d'Pist renovéiert gëtt, géif eng Maschinn vum Typ Boeing 737-700 oder 737-800 gesicht ginn.

Den Infrastruktur-Ministère huet eis op Nofro gesot, datt d'Renovatiounsaarbechten am Fréijoer 2019 sollen ufänken. D'Aarbechte solle bis spéitstens 2021 daueren. De Moment lafe scho Viraarbechten, an d'Pist ass zum Deel vu Mëtternuecht bis um sechs Auer ganz zou. Momentan hu mir dowéinst keng grouss Problemer, seet de Luxair-Generaldirekter.

Freed iwwer "Super-Croissance" am Cargo-Zenter

2017 wier e "gutt Joer fir de ganze Grupp Luxair" gewiescht, huet de President vum Direktiounscomité bilanzéiert. Et hätt ee manner Perte gemaach. Bei der Passagéierzuel gouf et eng Croissance an de Kerosinpräis wier déif gewiescht. LuxairTours wier net mat geopolitesche Problemer konfrontéiert gewiescht. Déi "Super-Croissance" am Cargo-Geschäft hätt fir Freed gesuergt. Déi finanziell Resultater fir d'Joer 2017 presentéiert de Grupp Luxair am Mee.

2018 hätt et e gudden Depart bei LuxairTours ginn, mat ville Buchungen op der Vakanzefoire, esou een zefriddene Generaldirekter.

Op der Streck Saarbrécken-Berlin, op där d'Luxair zënter Ufank vun dësem Joer flitt, géif et een Taux d'occupation vu 55 Prozent ginn. Dat wier net schlecht, fënnt den Adrien Ney. Fir eng richteg Beuerteelung misst een awer op d'mannst sechs Méint ofwaarden.