Vun dësem Investissement ginn 40 Milliounen Euro am multilaterale Kader agesat, notamment an de "Green Climate Fund". Lëtzebuerger ONGe kréie 25 Milliounen Euro zegutt fir d'Finanzéierung vu klimafrëndlechen Projeten an Partnerlänner.
D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg betount, datt ee weider op privat Investisseuren ugewisen wier fir déi international Investitiounen an de Klimaschutz héich ze halen. Et wier wichteg net nëmmen Hëllef ze verspriechen, mee et misst een och konkret Modeller ausschaffen.
Déi meescht Hëllefe wäerten Direkthëllefen an direkt Investissementer sinn. "Dat wäert en décke Batz sinn", esou d'Carole Dieschbourg. Weider wäerten et och indirekt Projeten, Garantien, a Prête gi fir Partner aus dem private Secteur u Bord ze kréien, esou déi gréng Ëmweltministerin.