1,1 Milliounen Awunner bis 2060 ass "brutal Realitéit"
"An de Budgetsprojet fir 2016 soll eng Visioun kommen." Dat huet de gréngen Députéierten Henri Kox op d’Fro geäntwert, ob de Budget fir d’nächst Joer e grénge Stempel géing kréien. Dem éischte grénge Budgetsrapporter no, géing bei de Staatsfinanze “Nohaltegkeet” allerdéngs och bedeiten, datt d’ëffentlech Schold net op e Niveau dierf klammen, dee net ze droe wier.
Déi nei Prognose vun der Regierung, datt Lëtzebuerg bis d’Joer 2060 1,1 Millioun Awunner wäert hunn, huet den Henri Kox als "brutal Realitéit" bezeechent. Mat fréiere Prognose vun 730.000 Awunner hätt een de Leit Sand an d’Ae gestreet. Dem gréngen Députéierten no muss eng Diskussioun gefouert ginn iwwert d’Entwécklung vum Land.
An där fir Oktober geplangte Chamberdebatt iwwer d’Klimapolitik wäert de Bevëlkerungswuesstem bis 2060 am Prinzip nach keng Roll spillen. Den Henri Kox huet awer dofir plaidéiert, dass de Klimaschutz sollt an esou engem laangfristege Kader definéiert ginn.
Haaptzil vun der Chamberdebatt ass fir den Henri Kox ee "Bewosstsinnswandel" am Virfeld vun der UNO-Klimakonferenz am Dezember zu Paräis. D’Debatt gëtt den Ament vun enger Chamberkommissioun preparéiert, déi vum Henri Kox presidéiert gëtt an déi sech vum däitschen “Institut für Zukunfts-Energie-Systeme” berode léisst. Wéi eng konkret Mesüren do zréck behale ginn, wollt den Henri Kox nach net verroden.
Zum Tanktourismus, deen d’Halschent vun den CO2-Emissiounen vum Land ausmécht, gëtt den Ament eng Etude am Optrag vum Nohaltegkeetsministère gemaach. Déi Gréng hätten nach ëmmer dofir plaidéiert, sech vun dëse volatile Recetten onofhängeg ze maachen, sou den Henri Kox. Konkret Ännerungsvirschléi sinn am Oktober awer nach net z’erwaarden.
Den Interview vum Pia Oppel mam Henri Kox: