Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Natural Information

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 10 Joer Syrienkonflikt trëfft d'Kanner

Paul Heber

10 Joer Syrienkonflikt trëfft d'Kanner

Wéinst dem Syresche Biergerkrich, dee viru genee 10 Joer ugefaangen huet si Millioune Mënschen op der Flucht. D'Kanner sinn traumatiséiert, ginn net an d'Schoul a leide méi ewéi jee duerch d'Pandemie, seet d'UNICEF.



auto_stories

3 min

De Paul Heber schafft bei UNICEF Lëtzebuerg. Foto: Archiv

Lauschtert de ganze Bäitragplay_arrow


Vill syresch Kanner hu soss näischt kannt ewéi nëmmen de Biergerkrich. Déi Gewalt déi se am Alldag erliewen, belaascht d'Kanner psychesch, betount de Paul Heber vun UNICEF Lëtzebuerg.

"Wann se aus deene Konfliktzonen erauskommen, a wa mer se betreien, da gesi mer, datt se bei deem klengste Knuppert deen se héiere schonn direkt Angscht hunn. Dat si psychologesch Traumaen déi ganz schwéier sinn opzeschaffen. Dofir denken ech datt ee Land ewéi Syrien, fir Kanner dat schlëmmst Ëmfeld ass wat et gëtt. Et ass eng vun de schlëmmste Plaze fir Kanner."

Kanner hunn a ville Regioune keen Zougang zu Schoulen

D'Schoul spillt eng wesentlech Roll, well se de Kanner eng gewëssen Normalitéit erlaben an ee gereegelten Alldag, erkläert de Paul Heber.

"Et denkt een net un d'Schoul wann een un esou eng Kris denkt. Mee d'Schoul spillt eng enorm Roll. Zanter 10 Joer gëtt et fir vill Kanner keng Schoul méi. Deen Dag wou de Konflikt eriwwer ass, dann huet ee natierlech een enormt Lach an der Educatioun. Da kann een natierlech net erwaarden datt Kanner déi net an d'Schoul gaange sinn et fäerdeg bréngen d'Land nees rëm opzebauen. A mir musse kucken, datt déi an där aktueller Situatioun och funktionéiert. Mir stellen Zelter derfir op oder mir installéiere Schoulen Hiele grad ewéi a Ruinen. Et ass fir eis immens wichteg, datt mer iwwerall probéieren eng Educatioun fir d'Kanner ze behalen."

Impakt vun der Covid-19-Kris

De Covid huet d'Situatioun iwwerall an der Welt wou d'UNICEF aktiv ass, nach verschlëmmert, betount de Paul Heber. Dat wier och de Fall a Syrien:

"Dir kënnt iech virstellen an esou engem Chaos wéi schwiereg et ass fir Masken ze organiséieren oder ze garantéieren, datt d'Leit d'Distanze kënnen anhalen. Dat ass heiansdo guer net méiglech, ob dat a Konfliktzonen ass oder a Flüchtlingslager. Dat ass eng enorm Erausfuerderung, well et do nach ganz aner Suerge ginn."

D'UNICEF ass eng vun den eenzegen Organisatiounen, déi mat enger Agence a Syrie present ass. De Paul Heber bedauert, datt d'Kannerhëllefswierk net iwwerall kann esou intervenéiere wéi ee sech dat gewënscht hätt.

"Mir hunn awer ëmmer d'Méiglechkeet fir un d'Kanner ze kommen. Mir passen ons ëmmer un der Situatioun un an an enger Konfliktsituatioun ass d'Situatioun ni roueg, dat heescht et muss een ëmmer flexibel sinn. Et fänkt mat der psychosozialer Hëllef an Zentren un, wou mer de Kanner hëllefen, dat wat se erlieft hunn ze verschaffen. Dann hu mer Schoulen an d'Léierpersonal op der Plaz, déi musse mer beschtméiglech forméieren."

Hongerkris a Syrien

Vill Famillen a Syrien hätte wéinst der ekonomescher Situatioun net méi genuch Geld fir dat néidegst ze bezuelen, präziséiert de Paul Heber.

"Si mussen decidéieren ob se drénken, iessen, waarm Kleeder undinn oder doheem hëtzen. Dat si ganz schlëmm Entscheedungen, déi se mussen treffen. Mir versichen an deene Fäll de Läit ënner d'Ärem ze gräifen, notamment iwwer d'Waasserversuergung. Mir impfen awer och Kanner, dat ass ganz wichteg, well wann d'Waasserversuergung net gutt funktionéiert, kommen normalerweis eng ganz Rei Krankheeten derbäi. Dat heescht mir probéieren op ganz ënnerschiddlechen Niveauen ze reagéiere fir de Kanner beschtméiglech an där Situatioun ze hëllefen."