De radio 100,7 ass den ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E gëtt, wéi opus 100,7, säi Schwësterprogramm fir klassesch Musek, am allgemengen ëffentlechen Interessi vum Média de service public 100,7 bedriwwen. De Radio ass bekannt fir eng héich Qualitéit vun den Noriichten, der Musek an am Beräich vun der Kultur. An enger gutt gefëllter Mediewelt spillt en eng eenzegaarteg Roll als Spigel vun der Lëtzebuerger Sprooch, Kultur an Identitéit. Nieft sengem Radioprogramm offréiert de radio 100,7 op senger Websäit an a senger App och Artikelen a Podcasten.
An dësem Kader sicht de radio 100,7 een/eng
Journalist:in mat Radioerfarung fir d’Noriichteredaktioun
Wat sinn d'Tâchen?
- D’Couverture vun der politescher, wirtschaftlecher a sozialer Aktualitéit zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun assuréieren
- Schwéierpunkt an der Konzeptioun, Preparatioun a Realisatioun vun Interviewe mat (live) Invitéen
- Zilorientéiert verfaassen a publizéiere vun audiovisuelle Bäiträg
- Matgestaltung vun den Emissiounen ‘Invité vum Dag’ an ‘Den halwer 9’ souwéi aneren themateschen Emissiounen
Wéi eng Fachkompetenze siche mir?
- Beruffserfarung vun op d'mannst zwee Joer am journalistesche Beräich
- En Diplom am Journalismus souwéi Radioerfarung si vu Virdeel
- Praktesch Erfarung an der Interviewféierung a sozial Kompetenzen
- Recherche, Virbereedung a Produktioun vun editoriale Bäiträg a Reportagen
- Exzellent Beherrschung vun der Lëtzebuerger Sprooch (geschwat a schrëftlech) souwéi den aneren übleche Beruffssproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch)
Wéi eng Eegeschafte soll ee matbréngen?
- Virwëtz a Begeeschterung fir breetgefächert Theemen ofzedecken
- E Gespier fir aktiivt Nolauschteren, Empathie a Versteesdemech fir de Gespréichspartner
- Eng Begabung fir Informatiounen ze analyséieren, ze reformuléieren an ze resuméieren
- E Sënn fir Organisatioun an Zäitmanagement
Mir bidden:
- En Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d’Woch, vun Ufank 2024 un
- Home-Office Reegelung
- Reegelméisseg intern an extern Formatiounen nom Prinzip lifelong learning
- Eng dynamesch a motivéiert Ekipp an engem kreativen Ëmfeld
Schéckt eis Är Kandidatur mat Motivatiounsbréif, CV a Casier judiciaire wgl. bis spéitstens de 4. Dezember 2023 per Email un rh@100komma7.lu.