Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Bon Iver - 33 "God"

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Feier a seng (Asbest-)Konsequenzen

Den Hallwer Néng

E Feier a seng (Asbest-)Konsequenzen

Zu Leideleng richt et nach liicht no verkueltem Holz. Dat nodeems den 28. Abrëll am Duerfkär eng Scheier gebrannt hat. Eng Persoun koum dobäi ëm d’Liewen. Kuerz drop huet e méigleche Risk vun Asbest an der Loft d’Leit wuertwiertlech an Otem gehal.

auto_stories

4 min

headphones

23 min

Leideleng Scheier | © Maurice Molitor play_arrow
Foto: Maurice Molitor

Mëttlerweil gouf et Entwarnung. Mee de Wee bis dohinner war nawell keen einfachen, esou de Leidelenger Buergermeeschter Lou Linster.

Informéieren, mee keng Panik verbreeden

Wann ee gréisseren Incident an enger Gemeng geschitt ass, dann ass et üblech, datt de Buergermeeschter vum CGDIS Bescheed gesot kritt. Dat war och hei de Fall, just datt de Lou Linster zu deem Ament am Ausland war.

Vill war zu deem Moment nach net gewosst, mee d’Police war dovunner ausgaang, datt sech Asbest am Dag vun der Scheier géing befannen, an datt een dofir misst méi genau Miessunge maachen. Doropshin huet d’Gemeng d’Warnung rausginn, all Fënsteren an Dieren zouzeloossen. Am Communiqué goung vu Schuedstoffemissioune rieds. D’Wuert Asbest koum net dra vir.

Et wier ee schmuele grad tëschent ‘Leit informéieren’, a ‘Keng Panik verbreeden’. Wou ee sech awer du bis sécher war, datt Asbest méiglecherweis fräigesat gouf, hätt een dat och direkt kommunizéiert, esou de Buergermeeschter.

Natierlech wieren d’Leit beonrouegt gewiescht. Virun allem Eltere vu Kanner. Ëmmerhin ass d’Schoul quasi direkt vis à vis. Dat géing de Lou Linster och verstoen. Der Gemeng sinn och Screenshotte vun Elteren-WhatsApp-Gruppen zoukomme gelooss ginn, mat Messagen, déi “net ganz charmant” waren, mee de Buergermeeschter verdeedegt sech an d’Gemeng. Et hätt ee sou gutt et geet kloer no bausse kommunizéiert, seet de Lou Linster.

A wie féiert d'Miessungen elo duerch?

Ee klengt Mëssverständnis gouf et dann trotzdeem. An zwar war der Gemeng net direkt bewosst, wien d’Miessungen zum Asbest géing virhuelen. Si waren dovunner ausgaang, datt d’Police dat géing maachen. D’Policebeamten hunn awer just Materialprouwe geholl, fir den Asbest kënnen nozeweisen. Miessunge vun der Loft, déi ginn duerch Luxcontrol duerchgefouert. Do hätt kéinten Zäit gewonne ginn, wann een direkt gewosst hätt, u wien ee sech hätt misse riichten, mengt de Leidelenger Buergermeeschter.

Zousätzlech dozou gouf dunn och d’Aarbechtsinspektioun ITM kontaktéiert. De Robert Roos vum Service Contrôle, Exploitatiouns et Autorisations vun der ITM erkläert, datt d’ITM geruff ka ginn, wann et ëm de Réckbau vun Asbest op engem Chantier geet. Dat, fir d’Sécherheet vun de Salariéen ze garantéieren, déi um Chantier schaffen.

ITM: 1.000 Asbest-Dossiere pro Joer

An de 60er Jore bis nach an d’80er Joren era gouf vill Asbest verschafft. Et ass resistent an isoléiert gutt. Dofir ass et och an enorm villen Applikatiounen ze fannen. Zum Beispill am Eternit, deen um Dag läit, am Plättercherskoll, an alen Heizungsréier oder an den Dichtungsréng vu Schrauwen. Eng 3.000 Applikatioune si bekannt, erkläert de Robert Roos.

Wann awer Asbestfasere vum Mënsch ageotemt ginn, da sinn dëst extrem kriibserreegend. Dofir gouf Asbest och verbueden. Zu Lëtzebuerg war dat 2001 de Fall. Dat bedeit natierlech net, datt den Asbest vun haut op muer verschwonnen ass. Am Géigendeel: d’ITM traitéiert all Joers eng 1.000 Asbest-Dossieren. Dat sinn Dossieren iwwer Chantieren, wou Asbest muss zeréckgebaut ginn. Et gëtt allerdéngs keng Obligatioun d’ITM a Kenntnis ze setzen, falls Asbest op engem Chantier fonnt gouf.

Dëst betrëfft natierlech och Privatleit, déi beispillsweis een Haus aus de 70er Jore renovéieren. Fir erauszefannen, ob Asbest verschafft ginn ass, muss ee Büro geruff ginn, deen déi néideg Prouwen hëlt. Dono besteet allerdéngs keng Obligatioun, den Asbest fortzemaachen. Falls jo, da kann ee mat engem Käschtepunkt vu 15.000 bis 50.000 Euro rechnen. Et gëtt an deem Fall awer staark dovun ofgerode fir beispillsweis d’Plättercher selwer erauszerappen.

Ee Chantier, dee sech an d'Längt kann zéien

Zu Leideleng sinn déi betraffe Plazen an d’Scheier fir den Ament mat enger grousser Plastiksfolie iwwerdeckt. Esou soll verhënnert ginn, datt d’Asbestfaseren an d’Loft geroden. Woubäi de Lou Linster betount, datt den Asbest un der fräier Loft quasi verdënnt gëtt, a vill manner geféierlech ass, wéi an engem zouene Raum.

Elo gëtt un engem Plang geschafft, fir den Asbest zeréckzebauen, an op d’Assurance dës Käschten iwwerhëlt oder net. De Robert Roos warnt awer, datt sech esou Chantiere richteg an d’Längt kënnen zéien. D’Leidelenger Gemeng hofft awer, datt den Asbest esou séier wéi méiglech aus dem Duerfkär verschwënnt.

Lauschterenplay_arrow