Radioen

On air

Voix d'auteurs  |  Jack Kerouac

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verwaltungsgeriicht: Stater Gemeng muss Deel vun der Prozedur zum Heescheverbuet sinn

Affär gouf ausgesat

Verwaltungsgeriicht: Stater Gemeng muss Deel vun der Prozedur zum Heescheverbuet sinn

Um Verwaltungsgeriicht sollt de Moien d’Heescheverbuet zur Sprooch kommen. Sollt, well de President vum Tribunal administratif war der Meenung, d’Stater Gemeng misst Deel vun der Prozedur sinn, wat si net war, soudatt d’Affär ausgesat gouf.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

© Michelle Barthel play_arrow
Foto: Michelle Barthel

De Me Fränk Rollinger hat als Affekot vun engem Heeschert nämlech Recours ageluecht. Dat géint d’Decisioun vum Léon Gloden, fir d’Policereglement vun der Stad duerchzewénken.

Well den Inneminister averstane war mat den Argumenter vun der Stater Gemeng, war et fir de Me Rollinger logesch, d’Diskussioun op deem Niveau ze féieren, ouni d’Stad. D’Aussoe vu Politiker, déi einfach Heescherei wier net viséiert, géifen net stëmmen, well dësen an een anere Client, deen och Recours ageluecht huet, géifen all Dag opgefuerdert ginn, fir sech ze hiewen an hire Becher ewechzehuelen.

“Firwat geet een dann net dohin a seet: 'Mir huelen dat doten alles aus dem Wee, mir gi lo net op d’Geriichter weider spillen?' Et ass e Konsens do, dass et an der Stad, a priori, och méi roueg ginn ass, dass verschidden Aarte vun Heeschen, déi wierklech aggressiv sinn an déi d’Leit gestéiert hunn, déi si jo net méi do."

Déi wieren effektiv duerch deen Asaz verschwonnen, seet de Me Rollinger. Mee da soll een déi Aner roueg loossen. Et sollt een deen Artikel eraushuelen, well all déi aner Saache wiere souwisou duerch dat Reglement, wat dann ouni Problem kéint approuvéiert ginn, verbueden, mengt de Me Rollinger.

De Me Serge Marx wollt, als Affekot vum Staat, iwwregens kee Kommentar zu där kuerzer Sëtzung um Verwaltungsgeriicht ofginn. 

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Politik