Radioen

On air

Concert  |  Live-Opnam vum Kuhmo Chamber Music Festival

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Kristin Schmit gëtt nei Direktesch vun der Police judiciaire

Véier nei Direktiounsposte bei der Police

D'Kristin Schmit gëtt nei Direktesch vun der Police judiciaire

De Ministerrot huet de Moie gréng Luucht gi fir déi véier Direktiounsposte bei der Police, sou wéi den Inneminister Léon Gloden se virgeschloen hat.

auto_stories

1 min

Kristin Schmit | © Lisa Lahos
D'Kristin Schmit gëtt déi nei Direktesch vun der Police judiciaire (Foto: Lisa Lahos)

Nei Direktesch vun der Police judiciaire gëtt d’Kristin Schmit. Fir Strategie a Leeschtung gëtt den Tom Didlinger zoustänneg. Dat vum 15. Mee un.

Vum 1. Juni u gëtt dann de François Lutgen neien Zentraldirekter fir Ressourcen a Kompetenzen. Zentraldirekter fir d’Police administrative gëtt iwwerdeems den Thierry Fehr. Neie Generaldirekter gëtt de Pascal Peters.