Radioen

On air

Voix d'auteurs  |  In dieser Stadt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manktem u Kontroll vu Falschinformatioun: EU-Kommissioun verwarnt X

Onlineplattform X

Manktem u Kontroll vu Falschinformatioun: EU-Kommissioun verwarnt X

D‘EU-Kommissioun verwarnt d‘Onlineplattform X. Grond ass datt net genuch op Falschinformatioune kontrolléiert gëtt. Bréissel huet d‘Firma vum US-Milliardär Elon Musk opgefuerdert detailléiert Informatiounen an intern Dokumenter iwwert seng Ressourcë fir d‘Moderatioun vun den Inhalter virzeleen.

auto_stories

1 min

© Jo Diseviscourt
Foto: Jo Diseviscourt

X hätt am leschte Joer knapp ee Fënneftel vun de Plaze vum zoustännegen Departement gestrach. Dobäi kéim, datt X bei der Kontroll vun den Inhalter op Falschinformatiounen oder Gewaltduerstellunge virop op kënschtlech Intelligenz géif sëtzen.

Dat kéint der EU-Kommissioun no Auswierkungen op d‘Walprozesser, d‘Verbreedung vun illegalen Inhalter an de Schutz op d‘Grondrechter hunn. X huet elo 9 Deeg Zäit fir op d‘Reprochen ze reagéiren. Soss muss d‘Firma mat Strofe rechnen.