Radioen

On air

Soundcheck  |  Baldassare Galuppi - Sonat an Do Majeur, I. Andante - Michele Fontana (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Impfstoff "Vaxzevria" vun AstraZeneca net méi an der EU zougelooss

Santé

Impfstoff "Vaxzevria" vun AstraZeneca net méi an der EU zougelooss

Zënter gëschter ass de Corona-Impfstoff "Vaxzevria" vun AstraZeneca an der EU net méi zougelooss. An de soziale Medien huet ganz séier d’Behaaptung den Tour gemaach, aus Sécherheetsgrënn wier d’Autorisatioun zeréckgezuginn. D'Begrënnung vum Pharmaproduzent selwer ass awer ganz banal.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

AstraZeneca | © Juan Roballo / Bigstock play_arrow
(Foto: bigstock)

Fakt ass, datt et de Pharmakonzern AstraZeneca selwer war, deen d’Demande agereecht huet, fir de Vaccin vum Marché ze huelen. Dat wier dem Tagesthemen Faktenfinder no och de 27. Mäerz scho geschitt an zënter dem 4. Abrëll bekannt. 

Keng Sécherheetsbedenken 

D’EU-Kommissioun präziséiert an hirem Schreiwes, datt et dacks géing virkommen, datt e Produzent säi Medikament nees vum Marché hëlt. Sécherheetsbedenken hätten awer keng Roll gespillt. An der Kommissioun hätt ee keng bedenke géint de Vaccin gehat.

AstraZeneca erkläert, datt mëttlerweil genuch aner Vaccine géint Corona um Marché wieren an d’Demande fir hire Vaccin däitlech erof gaange wier. D’Geschäft wier deemno net méi rentabel.

E Patient huet geklot

De Vaccin stoung zanter Mäerz 2021 ënner Observatioun, well et e puer rar Fäll vun Thrombose gouf, déi als Niewewierkung kéinten optauchen. Insgesamt goufen et siwen där Fäll op iwwer eng Millioun Impfungen.

AstraZeneca huet als Konsequenz am Mäerz 2021 eng Informatioun u sämtlech Gesondheetsautoritéite verschéckt a geroden, de Vaccin net bei Leit anzesetzen, bei deenen een Thromboserisiko besteet. Zu Lëtzebuerg huet d’Santé doropshin de 16. Abrëll 2021 decidéiert gehat, de Vaccin just nach bei Leit iwwer 55 Joer anzesetzen.

E Prozess an England leeft

D’Niewewierkunge vum AstraZeneca-Vaccin ware rezent nees an der Aktualitéit. A Groussbritannien huet ee Patient viru Geriicht geklot. Brittesch Medien hunn doropshi gemellt, AstraZeneca hätt zouginn, datt hire Vaccin schwéier Niewewierkunge géif provozéieren. De Konzern huet dat awer dementéiert. Et géif hei ëm déi Niewewierkunge goen, déi schonn zënter 2021 ëffentlech bekannt wieren.

Den Affekot vum Patient huet der ARD dergéint erkläert, de Konzern hätt am Ufank just vu méiglechen Niewewierkunge geschwat. Elo awer wier de kausalen Zesummenhang agestane ginn. Hei steet momentan also nach Ausso géint Ausso an engem lafende Prozess.        

 

Lauschterenplay_arrow