Radioen

On air

Tockcity  |  Future Utopia - Interplanetary Signs

play_arrow Live
search

/ Verdacht op Spionage fir China: Dräi Däitscher sëtzen an Untersuchungshaft

Däitschland

Verdacht op Spionage fir China: Dräi Däitscher sëtzen an Untersuchungshaft

D‘Spionage-Affär tëscht Däitschland a China spëtzt sech zou. Elo steet een Assistent vum AfD-Europadeputéierte Maximilian Krahl am Fokus vun den Ermëttlungen. China schwätzt vun däitsche Versich, d'Bild vu China politesch ze manipuléieren an de diffaméieren.

auto_stories

1 min

China Ambassade | ©  picture alliance/dpa | Hannes P Albert
Foto: picture alliance/dpa | Hannes P Albert

Wéinst presuméierter Spionage fir China wier een Assistent vum Maximilian Krah festgeholl ginn. Hien ass Europadeputéierten a Spëtzekandidat fir déi riets-extreem Partei AfD. Den Ieweschte Procureur an Däitschland sot, den Assistent géif verdächtegt ginn, als Geheimagent fir China geschafft an Informatiounen aus dem Europaparlament u China weider ginn ze hunn. D‘AfD sot an enger éischter Reaktioun, si wier ganz besuergt iwwer d‘Reprochen.

China weist d'Reprochen zeréck

Nodeems dräi Leit an Däitschland festgeholl goufe mam Virworf, si hätten an Däitschland fir China spionéiert, huet déi chineesesch Ambassade zu Berlin déi Reprochen zeréckgewisen: Däitschland soll ophalen, de Virworf vu Spionage auszenotzen, fir d‘Bild vu China politesch ze manipuléieren a fir China ze diffaméieren.

Vun den dräi Leit, déi an Däitschland festgeholl goufen, sinn zwee Männer gëschter an Untersuchungshaft komm. De Parquet vu Karlsruhe huet matgedeelt, datt déi zwee bis op Weideres festgehale ginn. Déi drëtt Persoun, eng Fra, soll haut virun e Riichter kommen. Déi dräi gi verdächtegt, Informatioune fir Militärtechnik an aner Beräicher gesammelt ze hu fir se u China weider ze ginn.