Radioen

On air

De Weekend  |  Lata Gouveia - Musical Chairs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tierkei stopp Import an Export mat Israel

Noen Osten

Tierkei stopp Import an Export mat Israel

D‘Tierkei huet sämtlech Importer an Exporter mat Israel gestoppt. Déi Mesure géife strikt ëmgesat ginn, an dat esou laang, bis Israel onënnerbrach humanitär Hëllef an d‘Gazasträif erlaabt, esou den tierkeschen Handelsministère.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Kay Nietfeld
Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld

Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet Israel an de leschte Méint e puer Mol scho schaarf kritiséiert an hinne Vëlkermord an der Gazasträif virgeheit.

Israel sot sech no der Annonce vun der Tierkei indignéiert. Den Erdogan géif Accorde briechen, esou géif just en Diktator agéieren, esou de Virworf.

Verhandlungen op kriteschem Punkt

Parallel sinn déi indirekt Verhandlungen tëschent Israel an der Hamas iwwert e Geiseldeal am Gazakrich op engem kritesche Punkt heescht et an der Press. Déi israeelesch Zeitung „Times of Israel“ schreift, datt déi israeelesch Regierung dovun ausgeet, datt d‘Hamas en Accord refuséiert. Israel wëll dann d‘Offensiv op d‘Stadt Rafah an der Gazasträif duerchzéien.