Radioen

On air

Notturno  |  Pino Palladino, Blake Mills - Just Wrong

play_arrow Live
search

/ Oflenkung am Auto: Sou banal an dach sou geféierlech

Fräie Mikro

Oflenkung am Auto: Sou banal an dach sou geféierlech

Zënter Ugangs dës Joers kascht et 250 Euro a 4 Punkte wann ee mam Handy an der Hand telefonéiert oder soss en Ecran manipuléiert. Dës Verschäerfung vun de Sanktiounen ass laang iwwerfälleg, mengt d’Isabelle Medinger am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Handy um Steier | © Alexandre Boucher / Unsplash play_arrow
Foto: Alexandre Boucher / Unsplash

D’Gefor, déi d’Oflenkung iwwert dem Fueren duerstellt, ass scho laang erkannt an erwisen. An e ganze Koup Länner steet Distraktioun op drëtter Plaz hannert Vitess, Alkohol an Drogen, wat Ursaache vu Kollisiounen an déidlechen Accidenter ubelaangt.

„Mir wäert schonn näischt geschéien“

De Geste ass quasi banal an et brauch ee keng grouss deliktuell Energie fir mol e Message ze liesen, ze verschécken oder een Appell entgéint ze huelen. Déi omnipresent Gewunnecht steet awer a kengem Rapport mat der Gefor, déi se duerstellt.

Och bei Etüden, déi gemaach ginn, a wou d’Leit zu hire Gewunnechten an deem Kontext befrot ginn, gëtt eng erschreckend Majoritéit zou dat heefeg ze maachen. Déi selwecht Leit ginn awer och zou, datt se et geféierlech fannen. Mee nom Prinzip „just ganz kuerz“ a „mir wäert schonn näischt geschéien“.

Net all System ass sécherheetsrelevant

Datt d’Autosmarke mat vill Pub drop aus sinn aus dem Auto een erweiderte Büro ze maachen ass dann och e Message an déi falsch Richtung. Wëssenschaftlech Erkenntnisser ginn hei iwwer Bord gehäit an et kommen ëmmer Ecranen an aner taktil Spillereien an eis Autoen. Natierlech hu vill Systemer sécherheetsrelevant Aspekter. Mee nach laang net all, an nach laang net jidderee geet och verantwortungsvoll domadder ëm.

A wéi sengt de Serge Tonnar: „Net ëmmer heescht de Fortschrëtt, datt mir och virukommen“*. An d’Mënschheet huet schonn oft ënner Beweis gestallt, wéi de Fortschrëtt eis schéin hannendra geheit huet.

Et wäerte leider nach vill Affer ginn

Wa mir bis richteg Autonom Autoen hunn a mir iwwerhaapt net méi selwer brauchen ze fueren an ze knéchelen, ass dat eng aner Saach. Mee bis et souwäit ass, wäert och nach vill kontraproduktiv opgerëscht ginn a vill Leit wäerte veronglécken, well se d’Fanger net konnten einfach um Steier halen, d’Aen op der Strooss an d’Gedanke beim Fueren.

Well och eng Fräispriechanlag bedeit Oflenkung. D‘Gedanken si beim Gespréichspartner, deen net mat am Auto sëtzt, an d’Verkéierssituatioun och net zesumme mam Chauffeur erlieft. Dat ass dacks getest an erwise ginn, mee wëll net jidderee wouerhunn. D'Versuchung ass einfach ze grouss.

Vläicht si 4 Punkten an 250 Euro awer fir vill Leit eng Ofschreckung.

Lauschterenplay_arrow


*Bopebistro

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.