Radioen

On air

De Weekend  |  Nilüfer Yanya - Like I Say (I Runaway)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martine Hansen: Agrardiesel bleift, wéi en ass

EU-AGRARMINISTEREN

Martine Hansen: Agrardiesel bleift, wéi en ass

D’Lëtzebuerger Regierung huet net Wëlles, Subventiounen ze kierzen, sou d’Martine Hansen. Si wëll sech zu Bréissel dofir asetzen, datt den Dialog “méi no bei den Terrain kënnt“ an administrativ Hürden ofgebaut ginn.

auto_stories

3 min

Foto: European Union

Wéi eng Zukunft wëll d’Politik fir d’Baueren an Europa? Doriwwer diskutéieren haut d’Agrarministeren aus de 27 EU-Länner zu Bréissel. Op engem Moment, wou a Frankräich an an Däitschland onzefridden Baueren op d’Stroos ginn, fir géint déi an hiren Aen ëmmer méi haart Aarbechtskonditiounen an d’Sträiche vu Subsiden ze protestéieren.

Regierung plangt “sécher keng Kierzungen”

Zu Lëtzebuerg huet d’Regierung sécher net Wëlles, Bäihëllefe fir Baueren ze kierzen, den Agrardiesel géif bestoe bleiwen, sou d’Agrarministerin um Bord vun där Reunioun. Sollte bis eng Kéier net méi genuch méi an de Staatskeese sinn, misst een eng ganz breet Diskussioun féieren. Et wier awer d’Responsabilitéit vun der Regierung, datt genuch Moyenen do sinn, fir d’Baueren ze ënnerstëtzen, sou d’Martine Hansen am 100,7-Interview.

Suergen, datt et och zu Lëtzebuerg zu Protester kënnt, mécht sech d’Ministerin den Ament net direkt. D’Agrargesetz wier am Konsens mat de Baueren ausgeschafft ginn, sou d’Ministerin. Si wéilt no zwee Joer zesumme mat de Baueren Upassunge maachen, wa se néideg wieren.

„Ech probéieren den Dialog do ganz gutt ze fleegen. Mir hunn do nach vill ze dinn, mee ech hoffen, datt mir dat zesummen hi kréien.“

EU muss manner schwéierfälleg ginn

An der Diskussioun op europäeschem Plang wëllt d’Martine Hansen sech dofir asetzen, datt den Dialog iwwert déi europäesch Agrarpolitik méi no bei den Terrain kënnt an déi administrativ Prozeduren op EU-Niveau iwwerduecht ginn.

Konkret Mesuren zu Lëtzebuerg: Nach net kloer wéini éischt Resultater do sinn

D’Simplification administrative ass eppes, wat dës Regierung fir d’Bauere konkret wëllt ugoen, sou steet et och am Koalitiounsaccord. Wéini konkret mat éischte Resultater ze rechnen ass, kéint si nach net soen, sou nach d’Martine Hansen. Et géif den Ament un der Digitaliséierung geschafft.

„Wéini mierkt de Bauer konkret eng Ännerung? Ech soen do léiwer elo nach keen Datum. Well wann ech lo eppes soen, da ginn ech jo dodrunner gemooss, ech kréien et awer nach net ageschätzt, wéi séier mir do virukommen.“

D’Europäesch Kommissioun wëllt en Donneschdeg een strategeschen Dialog iwwert d’Landwirtschaft an Europa lancéieren.

„Ech hoffe wierklech, datt deen Dialog no beim Terrain ass. Well wann deen Dialog lo scho rëm an iergendwelleche Spären iwwert der Landwirtschaft ronderëm schwirrt, da kënnt do net vill Guddes eraus. Dat wäert ech op der Reunioun soen, datt mir hei mussen definitiv een Ëmdenke kréien.“


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.