Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Macron hält un Iddi fest Buedemtruppen an d‘Ukrain ze schécken

Frankräich

Macron hält un Iddi fest Buedemtruppen an d‘Ukrain ze schécken

De franséische President huet op en Neits net ausgeschloss, fir Truppen an d‘Ukrain ze schécken, wa Russland d‘Front duerchbrécht a wa Kiew géif froen. Dat sot den Emmanuel Macron haut an engem Interview mam brittesche Wochemagasinn The Economist.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance

Wann een déi Optioun nach ëmmer géif ausschléissen, dann hätt een an de leschten zwee Joer näischt bäigeléiert. D‘NATO hätt och am Ufank ausgeschloss fir Panzeren a Kampffligeren an d‘Ukrain ze liwweren an um Enn hir Meenung awer geännert.

De franséische President hat schonn am Februar gesot, datt den Asaz vu westleche Buedemtruppen an der Ukrain net dierft ausgeschloss ginn, an hat domat eng Kontrovers ausgeléist.