Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Creator

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Laurent Moyse "La Bataille des journalistes"

Buchkritik

Laurent Moyse "La Bataille des journalistes"

De Laurent Moyse, ënnert anerem Auteur vu Meenungsbäitrag fir de Radio 100,7, huet bei den "Editions Guy Binsfeld e Sachbuch iwwer d'Entwécklung vum Journalismus verëffentlecht: "La Bataille des journalistes. Réflexion sur le monde de l'information à la dérive''.

auto_stories

5 min

headphones

6 min

play_arrow
Foto: Michel Delage

Iwwer den Ënnergang vun traditionelle Medie lamentéieren ass eng Zort Vollekssport ënner Presseleit. A gréissere Librairien am Ausland fëllen déi sëlleg Iwwerleeunge ganz Rayone fir sech aleng. Meeschtens kreesen déi Analysen ëm deen, aus hirer Siicht, negativen Afloss vun der Digitaliséierung an de soziale Medien op de sougenannte ''Qualitéitsjournalismus'', eng Entwécklung, déi iwwerdeems ze spéit erkannt gi wier. 

Glafwierdegkeet vun den Informatiounen

De Laurent Moyse ënnerscheet sech net weesentlech vun deem Mainstream. Säin Essai ''La Bataille des journalistes. Réflexion sur le monde de l'information à la dérive'' (Editions Guy Binsfeld) gräift e bësse méi wäit aus, op d'mannst mol zäitlech. Hie weist, wéi den technesche Wandel am allgemengen d'Vermëttlung vun Informatiounen am Laf vun der Zäit, a besonnesch dramatesch am 20. Joerhonnert, verännert huet. Vun der Mëndlechkeet vun den ale Griiche, wiere mer haut nees mat der ''oralité scripturale'' bei eng änlech kuerz an direkt Transmissioun zréck komm. Allerdéngs op Käschten ënnert anerem vun der Glafwierdegkeet vun de vermëttelten Informatiounen. Mee domat stéisst de Laurent Moyse scho laang oppen Dieren op.

D'Sujeten, déi hien an den eenzele Kapitele behandelt, verdéngen am Fong all e Buch fir sech aleng. Seng Analyse bleiwen noutgedrongen iwwerflächlech a wierken héchstens nei fir een, dee sech nach ni wierklech Gedanken iwwer Journalismus a Medie gemaach huet. Déi Leit kréien dann eng Aféierung an de Katalog vun all de méiglechen Derivë vum zäitgenëssesche Journalismus. Dat geet vum Ofdriften an den Infotainment, d'Tendenz zu Konformismus, Manicheismus, Katastrophismus a Sensationalismus, iwwer d'Sich nom Scoop ëm all Präis bis hin zu der neier Moud vun de sougenannte ''fake-news''.

Manner Skrupel bei westleche Journalisten? 

Et ass schued, datt déi Phenomeener haaptsächlech mat eelere Beispiller illustréiert ginn, sou wéi wann eis Aktualitéit net der Däiwel géif hierginn, wéi wann een ''embedded journalism'' nëmmen der amerikanescher Press an nëmme wärend dem Golfkrich vun 2003 kéint virgeheien. Wéinstens op deem Punkt hätt den Auteur eise Wëssensstand kéinten updaten. 

Sou muss alt erëm de klassesche Fall vun de Massegriewer vun Timisoara vun 1989 als däischteren Ofschloss vun der Ceausescu-Ära a Rumänien als ''fake-news'' avant la lettre duerhalen. Fir de Laurent Moyse wier dës truquéiert Informatioun, deemools iwwregens eng Konsequenz vun engem ''emballement médiatique'' gewiescht. Eng aner Interpretatioun ass vläicht déi, datt westlech Journalisten an der Reegel manner Skrupel kéinte gehat hunn, engem besonnesch onsympathesche kommunistesche Regime all méiglech Massakeren z'ënnerstellen, ob wouer oder net. Mee Propaganda, dat maache jo just déi aner.

Erbaarmungslos Kritik fir den David Wagner

Et kann een och bedaueren, datt den Auteur sech wéineg mat der Lëtzebuerger Press befaasst a seng Inspiratioun haaptsächlech an déi auslännesch Medie siche geet. Dobäi hätt den deemolege Chefredakter vun der, an Tëschenzäit verstuerwener, ''Voix du Luxembourg'', der franséischsproocheger Dageszeitung vum Groupe Saint-Paul, bestëmmt déi eng oder aner Anekdot z'erzielen.

D'Lëtzebuerger Mediewelt behandelt hien an engem reng deskriptive Kapitelchen. Erbaarmungslos Kritik muss do just den aarmen David Wagner astiechen: de lénke Politiker hat als fréiere Redakter beim alternative Wocheblat Woxx d'Objektivitéit a Fro gestallt an dogéint fir e militante Journalismus plädéiert. Dozou de Kommentar vum Auteur:

''Cette posture commode, qui s'attache à voir dans le journalisme essentiellement la possibilité d'imprimer ses convictions personnelles et jette toute prétention d'objectivité aux orties, relève toutefois d'une conception étriquée de la profession.'' 

Wat genee hien ënner objektivem Journalismus versteet, erkläert de Laurent Moyse net.

Dem Auteur säi ganz allgemenge, Constat ass wuel richteg:

''La perte d'influence des journalistes est le résultat d'un système médiatique qui a vu le triomphe de la publicité, du spectacle et du divertissement, où le superlatif, la prépondérance de l'image et l'aspect ludique ont façonné notre société et pénétré le monde de l'information.''

Allerdéngs geet hie kaum op d'Ursaache vun dësen Entwécklungen an, déi eenzeg an eleng op ''contraintes économiques'', also praktesch en Naturgesetz, géint dat een näischt kann, zréckzeféiere wieren.

D'Autonomie vun de Medien a Fro gestallt

Wärend ëffentlech Medien ëmmer éischter der reng politescher Logik gefollegt sinn, sinn déi privat Medie vun enger politescher a kommerzieller Logik gesteiert. Ënnerhalung op Käschte vun eeschter Informatioun war eng logesch Suite vun der politesch gewollter Privatiséierung vun audiovisuelle Medien zënter den 1980er Joren. Déi Tendenz huet sech nach méi drastesch nom Enn vun der System-Ausernanersetzung mam Kommunismus an dem Triumph vun der Maartwirtschaft duerchgesat. 

Wéi déi vum Pierre Bourdieu inspiréiert Mediesociologie gewisen huet, hunn d'Medien hir relativ Autonomie, dat heescht der Fäegkeet, a gewësse Limitte selbstbestëmmt ze schaffen, verluer an hu sech vun der Wirtschaft quasi komplett dominéiere gelooss. Sou hunn déi sougenannte ''Qualitéitsmedien'' an engem Stéck Lueflidder iwwer den Neoliberalismus gesongen, hunn aktiv matgehollef, eng Rationaliséierung vun der Ekonomie virunzedreiwen, vun där se iergendwann eng Kéier, duerch Konzentratiounen a Spuerpläng, op eemol selwer d'Affer gi sinn.

Sinn d'Journalisten d'Affer? 

Mee da gëtt et nach Affer an Affer. D'Journaliste waren nach ni dee monolithesche Block, als déi de Laurent Moyse se schéngt ze gesinn. Nieft dem anonymme Foussvollek, bei deenen een och erëm tëschent klenge fest agestallte Redakteren a Pigiste kann ënnerscheeden, gëtt et ëmmerhin eng kleng Elite vu bekannten Ënnerschrëften, déi laang glécklech an engem gewëssene Konsens mat de Kolleegen aus Politik a Wirtschaft gelieft huet. Ier se dann ugefaangen huet ze lamentéieren. 

Lauschterenplay_arrow