Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Jim James - Here In Spirit

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ LSAP, ADR an déi gréng kritiséieren den CSV-DP-Staatsbudget fir 2025

Oppositiounsreaktiounen

LSAP, ADR an déi gréng kritiséieren den CSV-DP-Staatsbudget fir 2025

LSAP, ADR an déi gréng an der Chamber wäerte den Donneschdeg géint de Projet fir de Staatsbudget 2024 stëmmen. Dat hunn d’Riedner vun dësen Oppositiounsparteien de Mëttwoch de Mëtteg an den Debatten um Krautmaart däitlech gemaach.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Chamber

D’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding huet kritiséiert, datt et een extrem optimistesche Budget an onsécheren Zäit wier.

Well ënner anerem alles op de Wuesstem géif gesat ginn, géif d’Rechnung net opgoen, huet d’Fraktiounscheffin vun der LSAP fest gestallt. D’Taina Bofferding huet vun engem “zwanghafte Glawen un d’Croissance” geschwat.

„D’Recettë ginn iwwerschat, d’Ambitioun fir z’investéiere geet erof, an et feelt un der Koherenz tëschent den annoncéierte Politicken an de Prognosen, wéi se am Budget sinn.“

Déi geplangten héich Defiziter wieren net seriö, esou de Fraktiounschef vun der ADR. De Fred Keup huet bedauert, datt de Budget keng Ziler géif setzen, déi fir d’Land sollen erreecht ginn.

Fir d‘ADR leien d‘Prioritéiten an de Beräicher Sécherheet, Mobilitéit, Logement, Energiepräisser a Kaftkraaft. Donieft wéilt d‘ADR och d‘Finanzplaz schützen.

Sam Tanson: D'Depensë gi weider méi staark an d'Luucht wéi d'Recetten

Mat dësem Budget géif d’Regierung d’Depensen net bremsen, esou d’Kritik vun der grénger Deputéierter Sam Tanson.

„Dir spuert net. D’Cour des Comptes ënnersträicht dat an hirem Avis. Mee och dat wat d’Rapportrice gesot huet, ass irritéierend. D’Depensë gi weider an d’Luucht. Si gi weider och méi staark an d’Luucht wéi d’Recetten, an dat och nach dat nächst Joer.“

Dëse Budget géif si net optimistesch stëmmen, wat no den Europawale vun der Regierung no kënnt, esou nach d’Sam Tanson de Mëtteg an der Chamber.

Lauschterenplay_arrow